Carabots

Vu Wikipedia
Zeeche vun de Carabots

D'Carabots waren eng Grupp vu Sans-culottes déi sech zu Caen an der Normandie wärend der Franséischer Revolutioun zesummefonnt hunn.

Si koumen aus der Biergermiliz déi sech an hirer Stad an den éischten Deeg vun der Revolutioun entwéckelt hat. Hiert Ekipement hu si aus dem Schlass vu Caen geholl, a sech den Numm Garde nationale ginn. D'Membere krute Grade vun Ënner-Offizéier, déi de Spëtznumm « Carabots » kruten (eng Assimilatioun vu caporaux mat carabot: een dee plëmmt, dee Schlechtes wëll): « Titre équivalent à celui de Sans-Culottes: épithète burlesque qui avait été donnée par l'aristocratie dédaigneuse au commencement de la Révolution aux sous-officiers de la garde nationale à cause de leur ardent amour pour la liberté, et qu'ils ont conservée précieusement »[1].

Wéi hir Trupp opgeléist ginn ass, an d'Carabots awer zesummebleiwe wollten, hu si en hallef-zivillen, hallef-militäresche Club an d'Liewe geruff, an hu Paraden an Uniform organiséiert. Si hunn als Zeechen op hirem lénksen Aarm hir Devis gedroen: « L'exécution de la loi ou la [mort][2] ».

Am Juni-Juli 1793, wärend de Federalisteschen Opstänn, hu sech d'Carabots de Girondins ugeschloss. Si waren an der federalistescher Arméi vum Generol vu Wimpffen a goufen zu Vernon geschloen.

Den 8. August 1793, huet d'Convention d'Opléisung vun de Carabots ugekënnegt.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Frédéric Vaultier, Souvenirs de l'insurrection normande, dite du Fédéralisme, en 1793, Le Gost-Clérisse, Caen, 1858, S. 126-45.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Procès-verbal vun der Reunioun vun de Carabots vu Caen vum 12. Februar 1793.
  2. Mort stoung net explizit um Zeechen, et war en Doudekapp gemoolt.