Cardada Seelbunn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dallstatioun vun der Cardada Seelbunn

D'Cardada Seelbunn ass eng Gondelbunn mat grousse Kabinnen um Lago Maggiore am Schwäizer Tessin. D'Buedemstatioun läit zu Orselina op 395 m iwwer Locarno bei der Pilgerkierch Madonna del Sasso an ass mat engem Funiculaire vu Locarno aus z'erreechen. D'Biergstatioun Cardada läit op 1340 m. E Sessellift fiert vun do aus nach weider op d'Cimetta (1670 m).

D'Streckeféierung vun der Seelbunn ass 2040 m laang a féiert iwwer véier Héichmaste mat enger Tëschestatioun um drëtte Mast.

De 26. Dezember 1952 ass d'Seelbunn eng éischt Kéier mat siwe Leit Personal a Betrib gaangen. 1984 bis 1985 goufen nei Kabinne mat enger gréisserer Transportkapazitéit installéiert. Enn der Saison 1996 ass d'Seelbunn zougemaach ginn, fir se no Pläng vum Stararchitekt Mario Botta komplett z'erneieren. Am Juni 2000 ass déi nei Seelbunn déi vun der Firma Doppelmayr Thun gebaut gouf, ageweit ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cardada Seelbunn – Biller, Videoen oder Audiodateien