Cargolux
|
|
|
|---|---|
| Gegrënnt: | 1970 |
| IATA-Code: | CV |
| ICAO-Code | CLX |
| Ruffzeechen: | Cargolux |
| Sëtz: | Sandweiler[1] |
| Status: | Société Anonyme |
| Flott: | 17 (9 B747-8F a Bestellung) |
| Destinatiounen: | Interkontinental |
D'Cargolux Airlines International S.A., kuerz Cargolux ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D'Cargolux ass am Mäerz 1970 ënnert anerem zesumme vun der Luxair, der Salen Shipping Group, der Loftleidir Icelandic gegrënnt ginn. D'Gesellschaft huet mat enger CL-44 ugefaangen, déi am Ufank vu Lëtzebuerg aus an déi deemoleg britesch Krounkolonie Hong Kong geflunn ass.
Vun där Zort Fligere waren et der 1973 5 Stéck, datselwecht Joer gouf och eng DC-8 vu McDonnell Douglas kaaft.
- 1974 hunn d'Cargolux an d'Loftleidir Icelandic hir Maintenance an Ingenieursberäicher zesummegeluecht.
- 1975 huet d'Cargolux dunn nei Bürosgebaier an 2 nei Hangare kritt.
- 1979 ass en Tournant an der Geschicht vun der Cargolux: Seattle liwwert déi éischt Boeing 747-200F.
- 1982 ënnerschreift China Airlines als éischt Fluchgesellschaft eng strategesch Allianz mat der Cargolux.
- 1984 gëtt déi lescht DC-8 aus dem Verkéier gezunn, andeems zur selwechter Zäit déi drëtt Boeing 747-200F agesat gëtt.
- 1990 si weider 2 Boeing 747-200F bei d'Flott derbäi komm.
- 1993 ass déi éischt Boeing 747-400F zu Lëtzebuerg ukomm an d'Cargolux gëtt domat weltwäit déi éischt Cargogesellschaft déi dëse Fligertyp asetzt. 1999 sinn et schonns zéng Maschinne vun deem Typ.
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Immatrikulatioun | Fliger | Modell | ||||
| LX-ACV | Boeing 747-400BCF | B747-4B5 (BCF) | ||||
| LX-DCV | Boeing 747-400BCF | B747-4B5 (BCF) | ||||
| LX-KCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-OCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-RCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-SCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-TCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-UCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-VCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-WCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-YCV | Boeing 747-400F | B747-4R7 (FSCD) | ||||
| LX-VCB | Boeing 747-8F | B747-800 | ||||
| LX-VCC | Boeing 747-8F | B747-800 | ||||
| LX-VCD | Boeing 747-8F | B747-800 | ||||
| LX-VCE | Boeing 747-8F | B747-800 | ||||
| LX-VCF | Boeing 747-8F | B747-800 | ||||
| LX-VCA | Boeing 747-8F | B747-800 | ||||
| Wetlease | ||||||
De 14. November 2005 huet Cargolux als éischt Fluchgesellschaft zéng nei Boeing 747-8F bestallt. Si hat domatter grad esou wéi bei der Commande vun de B747-400F den 13. September 1989 d'Nues vir.
Den 19. Mäerz 2007 huet d'Cargolux 3 weider B747-8F Transportere bestallt.
Den 13. Oktober 2011 huet d'Cargolux déi éischt B747-8F geliwwert kritt.
De 24. Mäerz 2012 huet d'Cargolux déi drëtt B747-8F geliwwert kritt.
De 25. Mee 2012 huet d'Cargolux déi véiert B747-8F geliwwert kritt.
Den 13. September 2012 huet d'Cargolux déi 5. B747-8F geliwwert kritt.
Den 8. Mäerz 2013 huet d'Cargolux déi 7. B747-8F geliwwert kritt.[2]
Actionnariat [änneren]
Den 9. Juni 2011, hunn de Luc Frieden an de Claude Wiseler, am Numm vum Lëtzebuerger Staat, e Kontrakt ënnerschriwwen, mat deem 35% vun der Cargolux un d'ING iwwerdroe goufen, déi se da fir 117,5 Milliounen Euro u Qatar Airways verkaf huet. De Staat hat deemools 8,02% vun de Partë vu Cargolux, 85% waren an der Hand vun der Luxair, der SNCI an der Spuerkeess.[3]
Am Oktober 2012 gouf bekannt, datt bei deem Deal déi (para-)ëffentlech Undeelseegener (Staat, Luxair, Spuerkeess, SNCI) hir Aktien zu engem wäit méi niddrege Präis ofgetrueden hunn wéi verschidde Privatinvestisseuren (ë. a. BIP Investment Partners a Luxavantage). Esou soll dem Lëtzebuerger Land no d'BIP 42,354 Milliounen US-Dollar vum Verkaf vu sengen Aktie kritt hunn (dovunner der 20,4 Millioune fir hir 461 600 Virzuchsaktien; iwwerdeems d'Luxair 27,75 Milliounen Dollar kritt huet, obwuel se, wa se d'selwecht behandelt gi wier, 101 Milliounen Dollar méi fir hir Virzuchsaktien hätt kéinte kréien. Genee sou hätt d'Spuerkeess, déi 6,976 Milliounen Dollar krut, bei gläicher Behandlung der 25,5 Milliounen USD méi fir hir Virzuchaktie kéinte kréien, an d'SNCI der 20,5 Milliounen drop op déi 6,8 Milliounen, déi se krut.[3]
Am Januar 2013 huet Qatar Airways seng Bedeelegung nees verkaf. Dee selwechte Mount gouf de Paul Helminger zum President vum Verwaltungsrot nominéiert.[4]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Cargolux – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ ...établie à L-2990 Sandweiler, Aéroport de Luxembourg
- ↑ Preesematdeelung vu Cargolux iwwer hier 6. B747-8
- ↑ 3,0 3,1 Véronique Poujol: "Traitement asymétrique." d'Lëtzebuerger Land, 26.10.2012; op land.lu an Déis.: "Le 'Friedengate' fera-t-il long feu ?" d'Lëtzebuerger Land, 2.11.2012; op land.lu.
- ↑ "Cargolux-Verwaltungsrot: Helminger neie President." RTL.lu - 15.01.2013, 07:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.01.2013, 16:16.