Carignan (Ardennes)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der franséischer Gemeng Carignan an den Ardennen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Carignan.
Carignan
fréier: Ivoix
D'Märei vu Carignan

D'Märei vu Carignan
D'Märei vu Carignan
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Sedan
Kanton Carignan
Postcode 08110
Gemengecode 08090
Koordinaten 49° 38’ 00’’ N
      05° 10’ 07’’ O
Fläch  1 401 ha
Bevëlkerung  2783[1] (2021)

Carignan ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est.

D'Awunner heeschen Yvoisiens. Dat kënnt dohier, well d'Uertschaft bis 1662 Ivoix[2] (och nach Yvoy, Ivoy[3] oder Yvois) geheescht huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Carignan läit op enger Héicht vu ronn 165 m am Dall vun der Kuer an der Aunois. Déi ganz Géigend ëm Carignan ass vun der Landwirtschaft markéiert, an zimmlech flaach. Déi héchst Kopp ass de Mont Tilleul mat enger Héicht vun 293 Meter.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Antiquitéit[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad gëtt am 4. Joerhonnert ënner dem Numm Epoisso ernimmt, ëm 540 als Evosio, fir am 17. Joerhonnert Ivoix ze ginn.

Den Numm Eposio oder Epoisso, vu kelteschen Originnen (Epo = Päerd), weist drop hin, datt d'Plaz scho virun der Réimerzäit besidelt war. Ënnert de Réimer war Carignan als Epoisso Vicus bekannt an ass och eng Etapp um Kiem dee vu Reims op Tréier gelaf ass.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad ass Chef-lieu vum Pagus Eponensis / Evodiensis a gouf am 4. Joerhonnert vum Äerzbëschof Maximäin vun Tréier an am Joer 385 oder 386 vum Martin vun Tours besicht. Am 6. Joerhonnert, trëfft sech de Grégoire vun Tours zu Ivoix (Eposium Castrum) mam Hellege Wulfilaich. D'Stad hat an der Merowengerzäit och e Mënzatelier.

D'Grofschaft Ivoix schéngt aus dem Pagus ervirgaangen ze sinn a gëtt am 10. Joerhonnert ernimmt.

Am 11. Joerhonnert war Ivoix en Deel vun der Grofschaft Chiny, déi hirersäits warscheinlech aus der Grofschaft Ivoix entstanen ass. Et ass déi wichtegst Stad an eng Probstei Ivoix huet d'Stad a verschidden Dierfer ronderëm abegraff. 1340 huet de Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg, d'Stad an hier Probstei kaaft. Nodeems Lëtzebuerg 1354 en Herzogtum gi war, huet de Wenzel I. vu Lëtzebuerg 1364 och nach d'Grofschaft Chiny derbäi kaaft, ier se méi spéit ënner d'Herrschaft vun de Grofe vu Burgund koum.

Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Burgunder näischt méi am Norden ze soen haten, gouf d'Probstei Ivoix gouf dunn en integralen Deel vun de Spueneschen Nidderlanden an Ivoix war eng vun de wichtegste Festungen an der Géigend. No der Belagerung vun 1542 an 1552 ass Ivoix u Frankräich gefall, koum 1559 duerch den Traité vu Cateau-Cambrésis awer nees u Spuenien zeréck.

D'Festung gouf doropshi geschleeft a méi spéit, héchstwarscheinlech am Ufank vum 17. Joerhonnert, nees opgebaut. Nodeems d'Stad nees zwou Kéieren (1637 an 1639) vun de franséischen Truppen ënnert dem Maréchal de Châtillon belagert gouf, ass se wärend dem Drëssegjärege Krich (1618-1648) op Uerder vum Richelieu praktesch dem Buedem gläich gemaach ginn a se blouf fir eng laang Zäit quasi verlooss.

Duerch den Traité vun de Pyrenäe gouf et de 7. November 1659 u Frankräich ugeschloss. 1662 gouf den Territoire deen haut ongeféier dem Kanton Carignan entsprécht en Duché-Pairie mat dem Numm Duché de Carignan. Dat war eng Faveur déi de Louis XIV. dem Eugène-Maurice vu Savoie-Carignan, Grof vu Soissons a Bouf vum Thomas Prënz vu Carignan gemaach hat. D'Famill Savoie huet d'Herzogtum bis 1751 behalen an dunn dem Louis Jean Marie de Bourbon, Herzog vu Penthièvre, verkaaft. Seng Duechter huet d'Herzogtum als Dott kritt wéi se de Philippe vun Orléans bestuet huet. Dee war de leschte Besëtzer vum Herzogtum.

Éischten an Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Éischte Weltkrich war d'Uertschaft mat engem bloen A dovu komm, awer am Zweete war se zu 90% zerstéiert ginn. Dëst koum doduerch, well s'op der Linn louch op där d'Wehrmacht den Duerchbroch op Sedan maache wollt. Vum 15. bis den 18. Mee gouf déi lescht Festung vun der Maginotlinn am Secteur Montmédy, de Fort de Villy-La Ferté massiv bombardéiert, a Carignan dat nëmmen e puer Kilometer dovun ewech läit, huet es mat laanscht d'Rëpper kritt.

Stroossen- a Schinneverkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng ass iwwert d'D8043, déi laanscht d'Kuer leeft, u Sedan a Montmédy ugeschloss a iwwert d'D19 u Mouzon an op der aner Säit u Florenville an der Belsch.

Carignan ass un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwert d'Eisebunnsstreck Lille-Diddenuewen

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • d'Collégiale Notre-Dame
  • d'Reschter vun der Festung mat engem Deel vun der Porte de Bourgogne, a 7 Bastiounen déi an engem méi oder manner gudden Zoustand sinn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

An der Stad Lëtzebuerg erënneren direkt zwou Stroossen un déi fréier lëtzebuergesch Territoiren: eng Kéier d'Rue d'Ivoix an eng Kéier d'Rue de Carignan, allebéid am Quartier Bouneweg-Süd.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carignan (Ardennes) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. nombre-d-habitants Carignan sur ville-data.com, Nombre d'Habitants Carignan 2021 Population. ville-data.com. Gekuckt de(n) 2022-02-16.
  2. A. Laret, Christian Dupont, À propos des comtés post-carolingiens: les exemples d'Ivoix et de Bastogne. Revue belge de Philologie et d'Histoire, tome 57, fasc. 4 805–823 (1979). Gekuckt de(n) 16.02.2022.
  3. YVOY, ou IVOY - Wikisource. L'Encyclopédie/1re édition/. fr.wikisource.org. Gekuckt de(n) 16.02.2022.