Carl Alvar Wirtanen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Asteroiden entdeckt: 8
(1600) Vyssotsky 22. Oktober 1947
(1685) Toro 17. Juli 1948
(1747) Wright 14. Juli 1947
(1863) Antinous 7. Mäerz 1948
(1951) Lick 26. Juli 1949
(2044) Wirt 8. November 1950
(6107) Osterbrock 14. Januar 1948
(29075) 1950 DA 22. Februar 1950

De Carl Alvar Wirtanen, gebuer den 11. November 1910 zu Kenosha, (Wisconsin, USA) a gestuerwen de 7. Mäerz 1990 zu Santa Cruz (Kalifornien)) war en US-amerikaneschen Astronom.

De Wirtanen hat Astronomie, Physik a Mathematik op der University of Virginia studéiert. 1939 krut hien do de Master-Titel, an huet weider am McCormick-Observatoire vun der University of Virginia geschafft. Vun 1941 bis 1978 war hien am Lick-Observatoire vun der University of California um Mt. Hamilton (Kalifornien) ugestallt, mat enger Ënnerbriechung am Zweete Weltkrich während där hie Fuerschungen an der Ballistik gemaach huet. De Wirtanen war am Lick-Observatoire Observateur an Fuerschungsassistent, an huet en etlech grouss Observatiounsprogrammer matgemaach.

De Wirtanen hat och fënnef Koméiten entdeckt, vun deenen dee bekanntsten de periodesche Koméit 46P/Wirtanen däerft sinn, an aacht Asteroiden. Zesumme mam Charles Donald Shane, deemools Direkter vum Lick-Observatoire, huet hien eng Zielung vun ongeféier 1 Millioun Galaxië vum nërdlechen Stärenhimmel (Shane-Wirtanen-Galaxiëzielung) opgestallt. Op 1246 fotografesche Placken, déi ufanks fir d'Studium vun der Eegebewegung vu Stäre gemaach goufen, hu si mat einfachste Mëttelen d'Galaxien an 1,6 Millioune Felder vu jee 10×10 Bouminutten agedeelt a krute sou eng Virstellung vun der groussraimeger Verdeelung vu Galaxien am Universum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]