Carlo Borromeo

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hl. Karolus Borromeus
Carlo Borromeo
2. Oktober 15383. November 1584
Bild vum Giovanni Ambrogio Figino
Detailer
Beatifikatioun 1602
Kanonisatioun 1610
Ënner dem Poopst Paul V.
Gedenkdag 4. November

De Carlo Borromeo, gebuer den 2. Oktober 1538 bei Arona, a gestuerwen den 3. November 1584 zu Mailand, war e Kardinol an Hellege vun der kathoulescher Kierch. E staamt aus dem italieneschen Adelsgeschlecht vun de Borromeo. Nom Hellegen Ambrosius war hien deen zweete grousse Bëschof vu Mailand an eng bedeitend Persoun vun der Géigereformatioun am 16. Joerhonnert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

En ass als Jong vum Ghiberto Borromeo, Grof vun Arona, an der Margarita Medici am Schlass vun Arono um Lago Maggiore op d'Welt komm. D'Borromäer waren Offizéier, Banquieren a Politiker an hate sech och an den italieneschen Héichadel abestuet. De Carlo Borromeo ass vun der Famill zum Kleriker bestëmmt ginn. Scho mat 12 Joer ass hien als Abt an der Benediktinerabtei zu Arona agesat ginn. D'Famill Borromeo hat en Usproch op déi Positioun, déi och mat engem gudden Akommes verbonne war. Mat 14 Joer huet de Carlo säi Jura-Studium zu Pavia ugefaangen, datt e 1559 mat héijen Auszeechnungen ofgeschloss huet.

Dem Carlo säi Monni, den Giovanni Angelo Medici, ass 1559 Poopst ginn. Als Pius IV. huet e säin Neveu op Roum geholl. Mat 21 Joer ass de Carlo Borromeo Geheimsekretär ginn, duerno Kardinol-Diakon. Am Konzil vun Trient, dat 1561 erëm opgemaach gouf, spillt en eng wichteg Roll, en huet och weesentlech zum Ofschloss vum Konzil bäigedroen.

Nom Doud vu sengem Brudder Federico huet de Carlo sech entschloss Priister ze ginn, an en ass 1563 geweit ginn. E bësse méi spéit huet en d'Wei zum Bëschof erhalen an ass zum Kardinol an Äerzbëschof vu Mailand ernannt ginn, konnt déi Plaz awer eréischt 1565 untrieden. D'Äerzbistum huet als erofgekomm gegollt an ass vum Carlo Borromeo nees zu enger Diözes, déi sech weise konnt, gemaach ginn.

De Kardinol war e bescheidene Mann, dee Guddes gedoen an asketesch gelieft huet. En hat eng grouss Léift fir Kultur an ass vill duerch säi Bistum gereest. Onermiddlech war hien och a senger Aarbecht an am Gebiet. Seng Bréiwer fëllen honnert Bänn an der Ambrosianescher Bibliothéik. Hien huet sech zu engem grousse Reformer vun der kathoulescher Kierch entwéckelt, och andeems en all Bezéiungen a familiär Bindungen ausgenotzt huet fir sech duerchzesetzen. Besonnesch huet e sech fir Disziplin bannent der Kierch a fir déi reliéis Ënnerweisung vu Kanner agesat.

De Carlo Borromeo huet d'Géigereformatioun, och ënnerstëtzt vun der weltlecher Muecht, an de Kampf géint de Protestantismus gefouert. En huet sech virun allem fir eng moralesch Erneierung vun der réimesch-kathoulescher Kierch agesat. 1579 huet en zu deem Zweck d'Collegium Helveticum gegrënnt. Ënner dem Borromeo als Inquisitor sinn d'Protestante bis an den Engadin verfollegt ginn.

Fir Priisteren a Laien ze schoulen huet de Carlo Borromeo eng Rei Seminairen an aner Ariichtunge gegrënnt. Seng asketesch Strengt, déi en och vum Uerdensklerus verlaangt huet, an d'Opléise vum Humilitatenuerden hunn ee Mönch dozou bruecht op en ze schéissen.

Statu vum Carlo Borromeo zu Arona

An de Jore vun der Pescht (1576-78) huet e sech fir eng ëmfangräich Fleeg vun de Kranken agesat, wat e sëlleche Mënschen d'Liewe gerett huet, him awer gesondheetlech geschuet huet. 1578 huet de Carlo Borromeo dunn den Uerde vun den Oblate vum hellegen Ambrosius gegrënnt, deen aus dëser Aarbecht entstanen ass. Schonn zu senge Liefzäiten ass e vu sengen Unhänger glorifizéiert ginn. Wéi keen aneren huet hien den Ideal vum chrëschtleche Kierchefürst verkierpert.

De Carlo Borromeo ass am Alter vu 46 Joer u Féiwer, dat säi geschwächte Kierper net méi iwwerwanne konnt, gestuerwen. Seng lescht Wierder solle gewiescht sinn: "Här, ech kommen". Säi Verméige soll en den Aarme vermaach hunn. Eng riseg Mënschemeng huet hien zu senger leschter Rou am Mailänner Doum begleet. 1602 ass e séileg a 1610 vum Poopst Paul V. helleg gesprach ginn.

Monumenter[änneren | Quelltext änneren]

  • Op Initiativ vu sengem Koseng Federico Borromeo ass 1624 a senger Gebuertsstad Arona eng 23 m héich Kofferstatu opgeriicht ginn. Bis zum Bau vun der New Yorker Fräiheetsstatu war et déi héchst Statu déi ee begoe konnt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Borromeo – Biller, Videoen oder Audiodateien