Carlo Meintz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carlo Meintz, gebuer de 5. Mee 1933 zu Lëntgen, ass e lëtzebuergesche Politiker a pensionnéierten Enseignant.
Vun 1967 bis 1987 a vun 2000 bis 2002 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Walfer.
Hie war vun 1974 bis 1998 Deputéierten an der Chamber.
Den 11. Februar 1998 gouf hie Member vum Staatsrot genannt, a war dat bis de 5. Mee 2005, den Dag op deem hien d'Altersgrenz vun 72 Joer ereecht hat.
Vun 1986 bis 1996 war hie President vun der Zentral vun de lëtzebuergesche Jugendherbergen.
Hien ass de Brudder vum Archivist a Conservateur Claude Meintz.