Carlo Wagner
De Carlo Wagner, gebuer den 3. Juli 1953 zu Wuermeldeng, ass e lëtzebuergesche Politiker.
De Carlo Wagner huet säi Lycée am Stater Kolléisch gemaach an duerno zu Fribourg an der Schwäiz Economie a Sozialwëssenschaft studéiert.
Hien ass e wirtschaftleche Consultant. Tëschent 1991 an 1994 war e Generalsekretär vun der DP. 1994 gouf hien an d'Chamber gewielt an am selwechte Joer och Buergermeeschter vu Wuermer. 1999 gouf hien Member vum Comité directeur a vum Comité exécutif vun der DP.
No de Chamberwale vum 13. Juni 1999 gouf hien an der Regierung Juncker-Polfer Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung.
No de Wale vun 2004 war d'DP net méi an der Regierungskoalitioun. De Carlo Wagner ass awer an d'Chamber erëmgewielt ginn, grad esou wéi bei de Wale vum 7. Juni 2009.
De Carlo Wagner ass bestuet an huet 3 Kanner.
Gielercher [änneren]
- Grand Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2000)[1]