Carlo Weis
De Carlo Weis, gebuer de 4. Dezember 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller. [1]
Tëschent dem 22. Mäerz 1978 an dem 31. Mee 1998 huet hien 87 [2] mol an der lëtzebuergescher Foussballnationalequipe gespillt. No anere Quellen [3] waren et 88 Matcher tëschent dem 28. Februar 1978 an dem 31. Mee 1998 déi de Carlo Weis fir d'lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt huet.
Hien huet vun 1977 bis 1979 fir d'Spora Lëtzebuerg gespillt a war vun 1979 bis 1982 beim KFC Winterslag. An der Saision 1982/1983 huet hie fir de Stade Reims gespillt a vun 1983 bis 1988 nees fir d'Spora Lëtzebuerg, 1988/1989 war hie beim Thionville FC an du vun 1989 bis 1995 beim Avenir Beggen wou hien no zwee Joer beim FC Sporting Mertzig nees bis 2000 zeréck komm ass.
An der Saison 1987/88 war hie Spillertrainer bei der Spora Lëtzebuerg an an der Saison 1995/1996 hat hien déi selwecht Fonctioun beim FC Sporting Mertzig.
Vum 1. Juli 2000 bis de 24. September 2003 war de Carlo Weis Trainer beim F91 Diddeleng. An der Saison 2004/2005 hat hien déiselwecht Fonctioun beim Swift Hesper an an der Saison 2007/2008 war hien Trainer bäi der Alliance Aischdall Hobscheid-Eischen. Vun der Saison 2008/2009 u war hien Trainer vum CS Péiteng. [4] Déi Plaz huet hie Mëtt November 2011 opginn[5] fir vum Januar 2012 un Trainer beim RM Hamm Benfica ze ginn.[6]
[änneren] Referenzen
- ↑ De Carlo Weis um Site 'National Football Teams'
- ↑ Lëscht vun de Lännermatcher vum Carlo Weis um Site www.rssf.com
- ↑ Lëscht vun de Lännermatcher vum Carlo Weis um Site 'European Football'
- ↑ Dem Carlo Weis seng Carrière als Trainer op transfermarkt
- ↑ Carlo Weis als Trainer bei Péiteng demissionéiert
- ↑ "Football: Carlo Weis neien Trainer beim RM Hamm Benfica." RTL.lu - 29.11.2011, 06:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.11.2011, 07:31.