Carlyle Smith Beals

Vu Wikipedia
Carlyle Smith Beals
Gebuer 29. Juni 1899
Gestuerwen 2. Juli 1979
Ottawa
Nationalitéit Kanada
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker
Member vun Royal Society

De Carlyle Smith Beals, gebuer den 29. Juni 1899 zu Canso, Nova Scotia a gestuerwen den 2. Juli 1979 zu Ottawa war e kanadeschen Astronom.

Hien hat 1926/27 als Dozent fir Physik op der Acadia University zu Wolfville geléiert. Vun 1927 un hat hie bis zum Joer 1946 um Dominion Astrophysical Observatory zu Victoria an der kanadescher Provënz British Columbia geschafft. Hien hat d'Emissiounslinnen an d'Spektre vu bestëmmte Stären a Gaswolleken am interstellare Raum ënnersicht. Donieft hat hien och astronomesch Instrumenter entwéckelt.

Am Joer 1946 gouf hien zum Astronom vum Dominion zu Ottawa bestëmmt an hat eng Studie iwwer Meteorittekrateren a Kanada verfaasst. 1964 ass hien a Pensioun gaangen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]