Carme-Grupp

Vu Wikipedia
Diagramm an deem d'Bunnhallefachse vun de baussenzege Jupitermounden (an Mio. km, horizontal Achs) géint hir Bunnschréi (an °, Hallefbéi) ofgedroe ginn. D'Gréisste vun de roude Kreesser sollen nëmmen déi relativ Moundradien illustréieren a sinn net moossstäflech zu de Bunnelementen. Déi giel Linne stellen de Spillraum tëscht dem Jupiternächsten respektiv -wäitste Punkt vun der jeeweileger Moundëmlafbunn duer. De Mound Kallisto ass als Referenzgréisst uginn
Detailusiicht vun der Carme-Grupp aus dem ieweschten Diagramm. Et erkennt een, datt d'Satellitte vun dëser Grupp Bunnschréien ëm 165° hunn an ongeféier 23 bis 24 Mio. km vum Jupiter ewech sinn

D'Carme-Grupp ass eng Grupp vu Mounde vum Planéit Jupiter, déi sech op änleche Bunne beweegen.

Déi grouss Hallefachse vun hire Bunne verlafen dobäi tëscht 22,9 an 24,1 Millioune km an hunn (mat enger Ausnam) Exzentrizitéiten tëscht 0,21 an 0,27 souwéi [[Inklinatioun (Astronomie)|Bunnschréien]] tëscht 164,9° a 165,5° géint de lokale Laplace-Plang, dee graff mam Bunnplang vum Jupiter zesummefält, op. D'Mounde beweege sech retrograd ëm de Planéit, dat heescht géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.

Déi 17 Membere vun der Grupp sinn (vum Jupiter aus gesinn):

D'International Astronomesch Unioun (IAU) gëtt fir retrograd Mounde vum Jupiter Nimm mat der Endung e.