Carolyn Shoemaker

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Carolyn Shoemaker um 46 cm Schmidt-Teleskop vum Mount Palomar Observatoire

D'Carolyn Jean Spellmann Shoemaker, gebuer de 24. Juni 1929 zu Gallup, New Mexico, ass eng US-amerikanesch Astronomin.

Si gehéiert zu den Entdecker vum Koméit Shoemaker-Levy 9 an ass d'Fra vum Astronom Eugene Shoemaker, deen 1997 gestuerwen ass. Keng aner eenzel Persoun huet bis haut sou vill Koméiten entdeckt wéi d'Carolyn Shoemaker.

Hir Carrière an der Astronomie huet am Joer 1980 ugefaangen, wou si zesumme mat hirem Mann an dem David Levy um Palomar-Observatoire no Asteroiden a Koméite gesicht huet, déi d'Ëmlafbunn vun der Äerd gekräizt hunn. Fir no Objeten ze sichen, déi sech virum Hannergrond vu Fixstäre bewegen, huet si e Stereoskop benotzt, fir Filmer mat dem 46 cm Schmidt-Teleskop kënnen ze beliichten. Dee Programm gouf nom Doud vun hirem Mann agestallt.

Bis zum Joer 2002 goufen der Carolyn Shoemaker d'Entdeckunge vun am Ganzen 32 Koméiten an iwwer 800 Asteroiden zougeschriwwen. Vun der Northern Arizona University zu Flagstaff (Arizona) krut si en Éierendoktertitel, an 1996 krut si vun der NASA d'Exceptional Scientific Achievement Medal. Zesumme mat hirem Mann (posthum) gouf si ausserdeem 1998 mat der James Craig Watson Medal ausgezeechent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]