Casa Milà

Vu Wikipedia
D'Casa Milà (La Pedrera) zu Barcelona
D'Casa Milà nuets

D'Casa Milà, och nach La Pedrera genannt, ass eent vum Antoni Gaudí senge bekanntste Wierker zu Barcelona a läit am Distrikt Ensanche. Et gouf vun 1906 bis 1910 fir d'Famill Milà gebaut.

Et ass e Gebai deelweis aus Naturstee mat enger Eisen- a Bëtongsstruktur ouni Dromauere mat gewellte Fassadeformen a geschwongene Balconen. Den Dach ass eng exzentresch Landschaft aus skurrile Kamäiner.

1984 gouf d'Casa Milà vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierwe gesat.

Zanter 2013 ass d'Fundació Catalunya-La Pedrera de Proprietär vum Haus, déi och zoustänneg ass fir d'Organisatioun vun Ausstellungen, ëffentleche Visitten an aneren Aktivitéiten.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Rainer Zerbst: Antoni Gaudí,1852-1926, Antoni Gaudí i Cornet – ein Leben in der Architektur, Taschen GmbH, Köln, 2002, ISBN 3-8228-2169-1, S. 176 - S. 189

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Casa Milà – Biller, Videoen oder Audiodateien