Caspar Mathias Spoo
De Caspar Mathias Spoo, gebuer de 7. Januar 1837 [1] zu Iechternach a gestuerwen de 17. Mäerz 1914 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
Inhaltsverzeechnes |
Seng beruflech Carrière [änneren]
De Spoo, deem seng Elteren Aarbechter an der Faience-Fabréck waren a schonns fréi gestuerwe sinn, huet a jonke Joren am Staatsdéngscht ugefaangen ze schaffen, fir sech a seng Gesëschter iwwer Waasser ze halen. En huet seng Plaz bei der Post opginn, fir mam André Duchscher, deen hie schonns vu Jonktem u kannt huet, d' Société Duchscher Frères et Spoo, d'Wecker Schmelz, ze grënnen. Nodeems e vun 1886 un zwee Joer als Comptabel op der Diddelenger Schmelz geschafft hat, huet e sech 1888 selbststänneg gemaach an zu Esch-Uelzecht eng Quincaillerie mat Constructiouns-Atelier fir Kachmaschinnen, Kesselen, Teimeren, asw. opgemaach: d'Maschinenfabrik Spoo & Co. [2]. .
Seng politesch Carrière [änneren]
Do dernieft huet hie sech politesch engagéiert. E gouf 1893 an den Escher Gemengerot an 1896 an d'Chamber gewielt. Als Éischten huet hien, zesumme mam Michel Welter, zu Lëtzebuerg moderne Walkampf gemaach, andeems en e Programm opgestallt a publizéiert huet, Rieden doruechter gehalen huet, asw. Politesch war de Spoo dem lénksliberale (Kleng-)Biergertum zouzerechnen; hien huet sech, ënner dem Afloss vum André Duchscher, fir d'allgemengt Walrecht, fir eng successiv Besteierung a fir allgemeng Sozialversécherungen agesat. Hien huet och de Bau vun enger Industrieschoul an engem Meedercherslycée zu Esch gefuerdert a sech allgemeng dofir engagéiert, datt de Kanton Esch-Uelzecht, deen duerch d'Industrialiséierung wirtschaftlech an demographesch staark u Gewiicht gewonnen hat, besser an der Chamber sollt vertruede sinn. Säi soziaalt Engagement an der paternalistescher Traditioun vum 19. Joerhonnert huet him de Bäinumm "Pappa Spoo" abruecht.
Hie war mat der Barbe Kiesel bestuet a Papp vun ë. a. dem Armand Spoo. Bei sengem Begriefnes um Escher Jousefskierfecht huet de Michel Welter d'Läicheried gehalen. Hien huet de Spoo "d'Gewësse vum lëtzebuergesche Sozialismus" genannt.[3].
De Spoo an d'Lëtzebuergescht [änneren]
Seng Untrëttsried an der Chamber, den 9. Dezember 1896[4] huet de Spoo op Lëtzebuergesch gehalen, an huet do dra gefuerdert, datt Lëtzebuergesch an der Chamber sollt däerfe geschwat ginn. Intressant war d'Justifikatioun dofir, déi en an der Ried ginn huet: De Gebrauch vum Lëtzebuergesche wier duerch den Artikel 29 vun der Verfassung vun 1868 gedeckt, deen Däitsch a Franséisch als Amtssproochen definéiert huet[5] A Lëtzebuergesch wier nun eemol däitsch ("Ons Sprôch as dĕ deitsch!"), an nawell "vill méi al a vill méi éierwäert [...] wéi dat sougenannt Houdäitsch." Se wier "ee vun de gesontesten a räichsten Idiome vun der germanescher Zong", deen "e feierfeste Geldschaf voll kosperer Sproochpierelen a Wierder" enthale géif.[6] Doropshin huet d'Chamber ofgestëmmt, ob en Deputéierten d'Recht soll hunn, fir an der Chamber Lëtzebuergesch ze schwätzen. Alleguer hu se géint dem Spoo säi Virschlag gestëmmt, bis op den Deputéierten Brincourt, dee sech enthalen huet, well fir deen déi "konstitutionell Fro" net kloer war.
De Spoo war iwwregens net deen Éischten, deen an enger Chambersëtzung Lëtzebuergesch geschwat huet: An der Chambersëtzung, den 28. Abrëll 1848 zu Ettelbréck, wou et drëms goung, ob Lëtzebuerg sech sollt un der Frankfurter Nationalversammlung bedeelegen, ass de Karl Mathias André matzen an enger Ried vu Franséisch op Lëtzebuergesch gewiesselt, an den Norbert Metz huet him op Lëtzebuergesch geäntwert, well "d'Stänn an de Public sollten alles genee verstoen". Dat waren déi éischte Wierder Lëtzebuergesch, déi an der Chamber geschwat goufen. — Ze bemierke bleift, datt den Nicolas Spanier an den Henri Greisch an der Chambersëtzung vum 12. Oktober 1848 och “im vaterländischen Dialekte”, also Lëtzebuergesch, geschwat hunn.[7]
Wéi um Schoulgesetz vun 1912 geschafft gouf huet de Spoo gefuerdert, datt d'Lëtzebuergescht soll Flichtfach an de Primärschoule ginn, wat dunn och geschouch. De Staatminister Paul Eyschen huet dat ënnerstëtzt an den Nik Welter krut den offiziellen Opdrag d'Schoulbuch Das Luxemburgische und sein Schrifttum ze schreiwen.
Ausserdeem huet den C.M. Spoo ë. a. iwwer de Michel Lentz an den Dicks divers Artikelen an Ons Hémecht an an der Natio'n verëffentlecht an huet sech op Konferenzen doruechter am Land mat dofir agesat, dem Michel Rodange säi Renert, dee bis dohinner esougutt wéi vergiess war, engem breede Publikum bekannt ze maachen.
Wierker [änneren]
- (Ënner dem Pseudonym "Onbenannt":) Sœur Marie du Bon Pasteur. D'Geschicht fun ènger Létzeburger Scholschwèster, 1896.
- (Postum:) Seng gesammelt Wierker. 1920.
Literatur [änneren]
- Dossier Spoo. Herausgegeben vom Differdinger Volksbildungsverein. Differdange 1974.
- "Dossier Spoo." In: Galerie 5 (1987), S.3-64.
- Serge Hoffmann a.A.: C.M. Spoo & M. Welter: 100 Joer sozialistesch Deputéiert. 1896-1996. Séance académique du 18 juin 1996 à l'Hôtel de Ville d'Esch-sur-Alzette. Luxembourg 1996.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Caspar Mathias Spoo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ A ville Publikatiounen (inklusiv Luxemburger Lexikon, Luxemburger Autorenlexikon an Dictionnaire des auteurs luxembourgeois) fënnt een, de Spoo wier de 5. Januar 1837 gebuer. Dee richtegen Datum ass de 7. Januar 1837. Dee fënnt een z. B. am Dossier Spoo, Déifferdanger Volleksbildungsveräin, 1974, S. 19; oder am Buch Echternach und die Cholera vum J.A. Massard, Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1 (1988), S. 49. Am Artikel Echternach und Spoo vum J.A. Massard an der Galerie 5 (1987) No 1, S. 17, ass eng Kopie vun dem Gebuertsakt ze gesinn; do gesäit een och, datt de Spoo nëmmen een eenzege Virnumm hat, an zwar "Gaspar" (net "Caspar"); de Virnumm "Mathias" steet net an dem Gebuertsakt.
- ↑ "Spoo & Co., Maschinenfabrik, Esch/Alzette" industrie.lu.
- ↑ Dr. P.J. Muller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes, Ltz. 1968, S.339
- ↑ Gaspar Mathias Spoo: Heemechtssprooch. Ried an der Chambersetzonk vum 9. Dezember 1896. An där neier Schreifweis erausgin vum Déifferdanger Volleksbildungsveräin. Differdange 1973/74. D'Originalmanuskript ass ofgedréckt a Fernand Hoffmann: Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung Bd. 1, Luxemburg 1964. Vum Hoffmann liest och: "Spoo und die Folgen." in Dossier Spoo. Galerie 5 (1987), S.40-61.
- ↑ "Art. 29 - L'emploi des langues allemande et française est facultatif. L'usage n'en peut être limité." Zit. no Jean Thill: Documents et textes relatifs aux constitutions et institutions politiques luxembourgeoises. Luxembourg 1973, S.42.
- ↑ Blat 1 vun der Ried, an déi haiteg Schreifweis transkribéiert.
- ↑ Luxemburger Wort 1848, Nr. 70 (15. Oktober), S. 1 (Verhandlungen der Kammer : Sitzung vum 12. Oct.). [1]
Kuck och: Dichter und Bauer. Luxemburger Wort 1944, Nr. 88/89, (9. Dezember), S. 3. [2] — Luxemburger Wort 1948, Nr. 86 (7. Dezember), S. 1. [3]