Cassegrain-Teleskop

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stralegank vum Cassegrain-Teleskop [1]

De Cassegrain-Teleskop ass e Spigelteleskop. An der Literatur gëtt hien deelweis och als Jean- resp. Giovanni-Teleskop bezeechent. Den Teleskop gouf 1672 vum franséische Geléierten Laurent Cassegrain (zirka 16291693) der Ëffentlechkeet virgestallt. Well nëmmen e puer Joer virdrun och den Newton-Teleskop an de Gregory-Teleskop erfonnt goufen, gouf et eng europawäit Diskussioun iwwer d'Vir- an Nodeeler vun dëse Systemer.

Ähnlech wéi beim Newton-Teleskop a beim Gregory-Teleskop ginn déi vum Haaptspigel gebëndelt Stralen iwwer en Hëllefsspigel säitlech (Newton) oder duerch eng Ëffnung am Haaptspigel zum Observeur geleet.

Radarantenn mat Cassegrain-Ausféierung

Dat afalend Liicht fält op e konkav-paraboleschen Haaptspigel (de Primärspigel). Dëse reflektéiert d'Liicht zu engem konvex-hyperboleschen Sekundärspigel, dem Sekundärspigel. Deen ass sou festgeluecht, datt säin op senger konkaver Säit leiende Brennpunkt mat deem vum grousse Parabolspigel iwwereneestëmmt. Säin op senger konvexer Säit leiende Brennpunkt weist a Richtung vum Haauptspigel. Entweder läit den Empfänger virum Haaptspigel (kuckt d'Bild vun der Radarantenn), oder déi reflektéiert Stralen erreechen hien duerch eng Ëffnung am Haaptspigel. Alternativ kënnen d'Stralen och virum Erreechen vum Haaptspigel mat engem flaache Spigel säitlech aus dem Tubus geworf ginn. Déi Positioun vun der Brennfläch nennt een Nasmythfokus.

Anescht wéi beim Newton-Teleskop a sou wéi beim Gregory-Teleskop verlängert den hyperboleschen Hëllefsspigel d'Brennwäit an erméiglecht kompakt Bauformen. Am Géigesaz zum Gregory-Teleskop läit de Sekundärspigel awer méi no um Haaptspigel wéi de Brennpunkt, wat méi eng kuerz Bauform erlaabt.

D'Bildfeld ass gekrëmmt an och aner optesch Feeler trieden op. Dat gëllt besonnesch, wa fir kleng Teleskopen e sphäreschen Haaptspigel gebraucht gëtt. Bis zu engem gewësse Grad kënnen déi Feeler duerch eng Retusch vum Sekundärspigel verklengert ginn.

Aner Spigelteleskope bauen an hirer Ausféierung um Cassegrain-Teleskop op a versichen op ënnerschiddlech Aart a Weisen, d'Bildfeeler ze reduzéieren:

Den RC-System huet sech beim Bau vu groussen Teleskope duerchgesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cassegrain telescopes – Biller, Videoen oder Audiodateien