Castor (Stär)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Stärekonstellatioun vum Gemini

De Castor (laténgesch Schreifweis, wiertlech iwwersat "Biber") oder Kastor (griichesch) ass deen zweethellste Stär am Stärebild Gemini (Zwillinge). Obschonn hien net sou hell ass wéi de Pollux am selwechte Stärebild, huet hien an der Astronomie d'Bezeechnung α Geminorum.

Beim Castor handelt et sech ëm e komplexen Méifachstäresystem op enger Distanz vu 45 Liichtjoer, bei deem dräi Haaptstären ëm e kollektive Schwéierpunkt kreesen. Jiddweree vun den Haaptstäre gëtt selwer erëm vun engem liichtschwaache Begleeder ëmkreest.

Déi zwou hellsten Haaptkomponenten, kuerz als α Gem A bzw. α Gem B bezeechent, sinn 1,9 mag bzw. 2,9 mag hell, a gehéieren zu de Spektralklassen A1 an A2m, an hunn allebéid d'Liichtkraaftklass  V. Hir Ëmlafzäit ass 420 Joer. Bei deenen Zwéin handelt et sech ëm spektroskopesch, also net optesch opléisbar Duebelstären.

Déi drëtt Komponent mat der Bezeechnung YY Geminorum ass e bedeckungsverännerleche Stär, a besteet aus Rouden Zwergen. YY Geminorum ass nëmmen 8,07 mag hell an ëmkreest d'Castor-System an engem Ofstand vu ronn 70" zu de Komponenten A a B. De Positiounswénkel zu A ass 164°.

Entwécklung vu Positiounswénkel a Wénkelofstand vun den Haaptkomponente vum Castor:

Joer Ofstand Positiounswénkel
1990 3" 76°
1995 3,5" 69°
2000 3,9" 65°
2005 4,3" 61°
2010 4,7" 57°

Date vum Castor:

Bei antiken Opzeechnungen an an der Astrologie goufen d'Stäre Castor a Pollux ëmmer als zesummengehéierend betruecht. Si markéieren am Stärebild d'Käpp vun den onzertrennlechen Zwillingen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie