Catalina Sky Survey

Vu Wikipedia

D'Catalina Sky Survey (CSS) ass e Projet fir Koméiten an Asteroiden z'entdecken a fir no äerdno Objeten (NEO) ze sichen. Eigentlech gëtt no potentiell geféierlechen Asteroiden (potentially hazardous asteroid, och PHAs genannt), gesicht.

Ofschätzung vum Eescht[änneren | Quelltext änneren]

D'Technologie huet sech zanter Enn vum 20. Joerhonnert sou wäit verbessert, datt een an der Lag ass, NEOen systematesch an zum groussen Deel automatiséiert ze sichen. Well et katastrophal Auswierkunge fir d'Äerd no enger méiglecher Kollisioun mat engem groussen Objet kéint ginn, hat den US Kongress 1998 d'NASA beoptragt, d'Programm NEO Observations Program (NEOO) an d'Liewen ze ruffen, fir Objeten, déi méi grouss wéi 1 Kilometer sinn, zu 90 Prozent z'erfaassen.

Aner Grënn[änneren | Quelltext änneren]

Zousätzlech zu der renger Informatioun, wéi vill NEOen et gëtt, gëtt et weider Erkenntnesser am NEO Projet. Zum Beispill kann d'Wëssen iwwer d'Haaptasteroidenceinture verbessert ginn an d'Verdeelung vun de Koméite mat grousse Sonnendistanze bestëmmt ginn asw.

Missiounsziler[änneren | Quelltext änneren]

Catalina Sky Survey (CSS) zesumme mam Siding Spring Survey (SSS) sichen no den NEOen an erfëlle sou d'Mandat vum US-Kongress.

Informatiounsiwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

Jiddwer Mount decken déi wäitwénkleg Iwwerwaachungen d'Observatiounsméiglechkeeten zu ronn R ~19.5 of. Fir d'Sichvolumen op méi grouss Distanzen z'erweideren, sinn och méi grouss Instrumenter néideg.

2005 huet CSS 310 NEOen an am Joer 2006 der 400 entdeckt. Fir déi weider Jore rechne si mat iwwer 450 Objete pro Joer. Besonnesch wichteg Entdeckunge waren:

Asteroid 2007 WD5[änneren | Quelltext änneren]

Als Deel vun dësen Observatioune gouf den 20. November 2007 den Asteroid mat der Bezeechnung 2007 WD5 vum CSS-Team-Member Andrea Boattini entdeckt. Deem Asteroid gouf d'Wahrscheinlechkeet vun 1:40 ageraumt, datt hien um Mars géif aschloen. Als Termin gouf den 30. Januar 2008 genannt. Doropshi gouf den Asteroid méi genee observéiert, fir méi Informatiounen iwwer d'Aschlagswahrscheinlechkeet ze kréien, wouduerch spéider en Aschlag ausgeschloss konnt ginn.

Asteroid 2007 TU24[änneren | Quelltext änneren]

Deen Asteroid gouf den 11. Oktober 2007 entdeckt. Den Duerchmiesser gouf mat ronn 300 bis 600 m ermëttelt. Den Asteroid hat d'Bunn vun der Äerd den 29. Januar 2008 op engem Ofstand vu 554.209 km gekräizt, wat ronn der 1,44-facher Mounddistanz entsprécht.[1] Weider wees een iwwer dësen Asteroid nach net vill; allerdéngs goufen éischt Radarobservatioune gemaach, z. B. um Goldstone Observatory[2]

Asteroid 2008 TC3[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Oktober 2008 gouf den Asteroid 2008 TC3 entdeckt a berechent, datt hien de 7. Oktober 2008 ëm 4:46 MESZ iwwer dem Nordsudan an d'Äerdatmosphär antriede géif. Et war fir d'éischt gelongen en Asteroidenaschlag op der Äerd richteg virauszesoen.

Asteroid 2009 KK[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Mee 2009 gouf den äerdnoen Asteroid 2009 KK mat engem Duerchmiesser vu ronn 270 m entdeckt, deen den 22. Mee 2009 an de Geforenniveau 1 op der Turiner Skala klasséiert gouf, duerch weider Observatioune konnt de Wäert den 10. Juni op 0 erofgesat ginn.

CSS/SSS-Team[änneren | Quelltext änneren]

Leeder vum CSS-Team ass de Steve Larson vum Lunar and Planetary Laboratory vun der University of Arizona.

Dat komplett Team besteet aus den Astronomen:

  • Steve Larson
  • Ed Beshore
  • Rik Hill
  • Richard Kowalski
  • Alex Gibbs
  • Andrea Boattini
  • Al Grauer

An Australien:

Als quasi “Nieweprodukt” vun den Observatioune vun dëser Grupp fale verschidden Éischtentdeckunge vu Koméiten op, déi entweeder den Numm vum Entdecker kruten oder nieft der astronomescher Bezeechnung d'Zousazbezeechnung Catalina resp. och Siding Spring hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2008-02-02. Gekuckt de(n) 2012-06-28.
  2. [1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]