Caterpillar 773A

Vu Wikipedia
E Caterpillar 773A ausgestallt beim fréieren Dréiuewen zu Ampsin

De Caterpillar 773A ass ee sougenannten Off-Highway-Truck oder Dumper, dat heescht e Schwéierlaaschtcamion deen net op der ëffentlecher Strooss däerf fueren.

Et ass ee Camion deen haaptsächlech a Minièren am Dagbau benotzt gëtt fir Ofraummaterial ze deplacéieren, a fir nëtzlech Mineraler bei de Briecher a bei d'Sënneranlagen ze transportéieren.

773A an Zifferen[änneren | Quelltext änneren]

  • Motor: 8 Zylinder V
  • Motorleeschtung: 560 PS
  • Hubraum: 18 000 ccm
  • Gewiicht eidel: 35 900 kg
  • Maximalgewiicht: 85 900 kg
  • Längt: 8,70 m
  • Breet: 4,07 m
  • Héicht: 4,19 m
  • Pneuen: 21.00-35, 32 Plis

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]