Catherine Kill

Vu Wikipedia
Catherine Kill
Gebuer 19. Mee 1884
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 18. November 1973
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Suffragette, Enseignant, Politiker, Aktivist

D'Catherine (Schleimer-)Kill, gebuer den 19. Mee 1884 zu Esch-Uelzecht[1] an do gestuerwen den 18. November 1973[2], war eng lëtzebuergesch Politikerin a Fraerechtlerin.

Si war d'Meedche vum Schmelzaarbechter Henri Kill a senger Fra Françoise Laux. Tëscht 1899 an 1902 ass si an d'Léierinnen-Normalschoul gaangen, wou se 1902 hire Léierinnendiplom krut. Hir éischt Plaz krut se 1903 zu Uewerglabech an der Gemeng Noumer, wou se no 5 Méint gekënnegt huet.

1905 huet se de Schoulmeeschter Jean Schleimer bestuet, dee vun 1901 bis 1942 zu Esch geschafft huet. Deen éischte Jong, de Paul Schleimer, gouf méi spéit Direkter vun der Escher “Gewerbeschoul”, dem haitege Lycée technique d'Esch-sur-Alzette. Deen zweete Jong, Léon Schleimer, gouf Dokter.

D'Catherine Schleimer-Kill huet 1911 an 1912 als "Chargée de Cours d'économie domestique" am neigegrënnte Meedercheslycée, dem Virleefer vum haitege Lycée Hubert Clément Coursë gehalen.

Si war 1925 eng vun de Grënnerinne vun der Action Féminine, Editrice vun der Zäitschrëft mam selwechten Numm, a vun 1929 bis 1934 déi éischt Fra am Escher Gemengerot.

Nom Zweete Weltkrich huet d'Catherine Kill sech aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn a sech intensiv mat Esoterik beschäftegt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 109 zu Esch-Uelzecht vum 19. Mee 1884
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 21. November 1973