Cathy Clement

Vu Wikipedia
Cathy Clement
Gebuer 2. August 1979
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Infirmier, Auteur, Moler


D'Cathy Clement, gebuer den 2. August 1979 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Autorin a Molerin. Si moolt abstrakt Biller, wou si dacks mat Collagë schafft. Si hat eng grouss Ausstellung zesumme mat der Kënschtlerin Nadine Boor zu Branebuerg an der Aler Millen. Si hält Liesungen a Workshoppen a Lycéeën.

D'Cathy Clement huet zwee Kanner. Si lieft am Norde vum Lëtzebuerger Land a schafft als Infirmière. D'Schreiwen, d'Liesen an d'Mole sinn hir Hobbyen.

Si huet wärend dräi Joer Buchkritike fir RTL Radio Lëtzebuerg gemaach.

Hir Passioun ass Japan. D'Reesen am allgemenge bréngen hir d'Inspiratioun fir nei Bicher, Texter a Biller.

Hir Kuerzgeschicht Mediterranean Cruise gouf op Englesch an Dänesch am Buch Odyssey verëffentlecht.

Si war 2017 fir Lëtzebuerg zesumme mat 38 aneren europäeschen Auteuren zu Aarhus an Dänemark um Hay Festival.[1]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Kënschtler um Hay Festival zu Aarhus