Cause célèbre

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Ënner dem Begrëff Cause célèbre versteet ee gewéinlech en Tëschefall oder en Zoustand, deen eng gesellschaftlech Kontrovers ausléist (ob mat oder ouni Intentioun vun deenen direkt Betraffenen), an der Ëffentlechkeet an an de Medien diskutéiert gëtt an heiansdo mat engem Geriichtsprozess verbonnen ass (dohier hir uersprénglech Bedeitung).

D'Affär Dreyfus oder d'Affär Bommeleeër si Beispiller fir Causes célèbres.