Cavalier (Militärarchitektur)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zwou Bastioune mat Cavalier (c), verbonnen duerch eng Courtine.

E Cavalier, och nach Courtinëkaz oder Bastiounskaz genannt (dt.: Kavalier) ass eng erhéichte Geschützstellung am bastionéierte Festungsbau, déi op eng Courtine oder eng Bastioun gebaut gëtt an domat iwwer all déi aner Wierker ronderëm feiere kann. E kann als temporärt oder permanent Wierk gebaut ginn.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Entwécklung

D'Originë vun de Cavaliere leien am mëttelalterleche Buergen- a Festungsbau bei den esou genannte ′Kazen′, dat heescht, eng Opschëddung vu Buedem hanner enger Buerg- oder Stadmauer, fir op der esou geschafener Plattform Kanoune kënnen ze placéieren. Verschiddentlech gouf gläichzäiteg d′Stadmauer op deem Deel e bëssen no bausse gebaut, fir et de Verdeedeger z'erméiglechen, vun de Flanke vun der Kaz d′Mauer besser ze schützen. Och Bollwierker goufe mat Kazen équipéiert fir si ze verstäerken.[1] Dëst war d′Reaktioun op d′Entwécklung vun der Artillerie, déi op de schmuele Wiergäng vun de mëttelalterleche Mauere keng Plaz hat. Vun der Gréisst hier dierften esou Kazen et méiglech gemaach hunn, e puer Stécker Artillerie gläichzäiteg opzestellen, et kann een dofir vun ëm déi 200 m2 Fläch fir esou eng Kaz ausgoen. Et huet sech awer hei ëm temporär Mesurë gehandelt, déi et an Zäite vu Belagerung de Verdeedeger erméiglech hunn, schwaach Plazen ze verstäerken.

Cavaliere goufen am spéide 16. Joerhonnert als Weiderentwécklung vu Kazen als permanent Wierker gebaut an am bastionéierte Festungsbau integréiert. De Prinzip ass awer dee selwechte bliwwen. Si haten eng eckeg oder eng hallefronn Form, mat enger Ramp no hanne fir Geschützer kënnen op d'Plaz ze rullen. Jee no Emplacement ënnerscheet een tëscht Courtinëkaz oder Bastiounskaz. Goufe si op Bastioune gebaut, hu si de Bastiounshaff ersat a louchen an der Kehl vun der Bastioun.

Am polygonale Festungsbau bezeechent ′Cavalier′ Kasemattegewölben, op deenen Emplacementer fir schwéier Artillerie sinn.[2]

D'Wuert ′Cavalier′ staamt aus dem Franséischen. Am däitschsproochege Raum gouf de Begrëff ′Katze′ duerch ′Kavalier′ oder ′Cavalier′ fir Bastiounskazen ersat, ma den Terme ′Katze′ ass awer mat eegestännege Bedeitungen am Gebrauch bliwwen. Am flammännesche Sproochgebrauch gëtt vu ′Kat′ geschwat.

[änneren] Fonctioun

Schematesch Duerstellung vun enger Bastioun (A) mat Cavalier (B) vun der Festung Arras.[3]

Cavaliere waren erhéichte Geschützstellungen, déi iwwer den anere Festungswierker erausstoungen an dowéint e bessert Schossfeld haten. Zesumme mat kasemattéierte Geschützstellungen an de Facen a Flanke vun enger Bastioun, konnt de Géigner vun e puer Héichten ënner Feier geholl ginn. De Cavalier vun der Bastioun Marie vun der Festung Lëtzebuerg war esou zum Beispill den héchste Punkt vun der ganzer Neipaartsfront (mat 325,3m iwwer Mieresspijel)[4]. Vun dëse Positioune war et méiglech méi wäit an de Glacis ze schéissen, allerdéngs waren dës Stellungen duerch hir erhéichte Positioun och besser Ziler fir Belagerungstruppen.

[änneren] Beispiller

[änneren] Referenzen

  1. (fr)http://chateau.rochefort.free.fr/viollet-le-duc/Cavalier.php Dictionnaire raisonné architecture française XIe au XVIe siècle
  2. (fr)http://www.vauban.asso.fr/glossaire.htm Association Vauban
  3. (fr)http://fr.wikisource.org/wiki/Dictionnaire_raisonn%C3%A9_de_l%E2%80%99architecture_fran%C3%A7aise_du_XIe_au_XVIe_si%C3%A8cle_-_Tome_1,_Architecture_militaire Dictionnaire raisonné de l’architecture française du XIe au XVIe siècle - Tome 1, Architecture militaire.
  4. Mersch, François. Luxembourg, Forteresse et Belle Époque. Éditions François Mersch (1976).
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen