Cayambe (Vulkan)
De Cayambe ass e Vulkan an den Anden am Ecuador. Hie läit um Equator, ca 65 km am Nordoste vun der Haaptstad Quito.
Seng Spëtz erreecht 5.796 Meter an hien ass domadder den drëtthéchste Bierg am Ecuador, nom Chimborazo, 6.267 m an dem Cotopaxi, 5.897 m.
Geographesch Koordinaten:
00° 00’ 55’’ N 77° 59’ 14’’ W
Op der Südflank vum Vulkan, op 4.600 m, ass deen héchste Punkt op der Welt vun der Equatorlinn.
De Cayambe ass dat ganzt Joer mat Schnéi bedeckt. Hie gehéiert zu der ökologescher Reserve Cayambe-Coca.
Den Numm vum Vulkan staamt aus der Sprooch vun de Kayambi, den Urawunner déi schonn an der Pre-Inkazäit do gewunnt hunn. Hir direkt Nofolger liewen haut nach an den Dierfer um Fouss vum Vulkan.
Cayambe ass och den Numm vun enger Stad mat ca 30.000 Awunner um Fouss vum Vulkan.
Inhaltsverzeechnes |
Vulkanismus [änneren]
De Cayambe ass virun ca 1 Millioun Joren entstanen, en ass geologesch gesinn also nach e jonke Vulkan. Et ass keng historesch Eruptioun bekannt, de Cayambe gëllt als ageschlof.
Rezenten Ënnersichungen no gouf et an deene leschte 4000 Joer Eruptiounsperiode vun ca 700 Joer déi mat Rouperiode vu 500-600 Joer ofgewiesselt hunn. Mat engem neien Erwäche vum Vulkan muss also gerechent ginn.
Biergklammen [änneren]
Déi éischt op der Spëtz waren 1880 de britesche Biergkloterer Edward Whymper a seng zwéin italienesch Kollegen, d'Bridder Jean-Antoine a Louis Carrel.
De Cayambe ass haut e beléift Zil vun den Alpinisten, d'Dropklamme gëllt allerdéngs wéinst villen oniwwersiichtleche Gletschersplécken, permanenter Lawinegefor an onerwaarte Schnéistierm als geféierlech. Et ass also nëmme geübte Biergkloterer, méiglechst mat lokalem Guide, ze recommandéieren. Dee relativ gutt équipéierte Refuge op der Südwestflank, op 4.739 m, 26 km vun der Panamericana aus geleeën, ass mat Jeep z'erreechen.
Literatur [änneren]
- Feser, V., 2007. Ecuador, inkl. Galápagos. Michael Müller Verlag, 4. aktualisierte und erweiterte Auflage, 672 S. (Dee wahrscheinlech beschte Guide fir Ecuador; den Auteur lieft zënter ville Joren zu Quito).
- Quand le Cayambe se réveillera... Le Journal du CNRS 196, mai 2006. [1]
- Geographesch Koordinaten: 00° 00' 55" N
77° 59' 14" W
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Cayambe (Vulkan) – Biller, Videoen oder Audiodateien |