Cecilia Malmström

Vu Wikipedia
Cecilia Malmström
Gebuer 15. Mee 1968
Stockholm
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser, Diplomat, Politolog
Cecilia Malmström

D'Anna Cecilia Malmström gebuer de 15. Mee 1968 zu Stockholm, ass eng schweedesch Politologin a Politikerin a fréier EU-Kommissarin.

D'Cecilia Malmström ass an der liberaler Vollekspartei a war vun 1999 bis 2006 Deputéiert am europäesche Parlament. Vum 6. Oktober 2006 bis 2010 war si Europaministesch an der Regierung Reinfelt.

Vun 2010 bis 2014 war si an der Kommissioun Barroso II, fir den nei geschaafte Banneressort zoustänneg. Vum 1. November 2014 bis Dezember 2019 war si Member vun der Europäescher Kommissioun ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker, responsabel fir den Handel.

Si schafft zanter 2022 fir en Affekotebüro zu Bréissel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cecilia Malmström – Biller, Videoen oder Audiodateien