Cegedel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Cegedel S.A. ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi zu Lëtzebuerg elektresche Stroum verdeelt. Se gouf de 27. Mäerz 1928 als Compagnie grand-ducale d'électricité du Luxembourg gegrënnt. Den aktuellen Numm, deen eng Ofkierzung vum Numm ass, deen Firma bei der Grënnung hat, huet si zënter dem 17. Mäerz 1997. Si beliwwert ronn 70% vum lëtzebuergesche Stroummarché.

D'Cegedel schafft am Kader vun enger Konventioun mam Lëtzebuerger Staat, déi am Joer 1928 duerch e Gesetz legaliséiert gouf.

Dem Lëtzebuerger Staat gehéieren een Drëttel vun den Aktien vun der Cegedel; domat ass en dee gréissten Aktionär vun der Gesellschaft. Weider Aktionäre si Luxempart, d'SNCI an Electrabel.

D'Cegedel ass op der Bourse vu Lëtzebuerg notéiert.

D'Cegedel huet hire Sëtz zu Stroossen.

Den 3. Juli 2008 gouf bekannt gemaach, datt d'Cegedel mat Soteg a Saar Ferngas fusionnéiere wéilt.

Bei där neier Gesellschaft soll de Lëtzebuerger Staat mat 28,3 Prozent Haaptaktionär sinn. 10,8 Prozent sollen der SNCI gehéieren, 25,3 Prozent Arcelor Mittal Luxembourg, 10,8 Prozent E.on Ruhrgas, 19,8 Prozent der RWE Energy via Luxempart Energie a 5,1 Prozent Electrabel.[1]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Enovos Nuvola apps xmag.png

Referenzen [änneren]

Um Spaweck [änneren]