Centre de documentation sur les migrations humaines

Vu Wikipedia
D'Gare Dudelange-Usines, Sëtz vum Centre de documentation sur les migrations humaines.

De Centre de documentation sur les migrations humaines (kuerz CDMH) ass e lëtzebuergesche Fuerschungszentrum fir Migratioun, absënns d'Emigratioun aus an d'Immigratioun a Lëtzebuerg a seng(en) Nopeschregiounen.

En ass zanter 1996 zu Diddeleng an der aler Gare Diddeleng-Schmelz, am Quartier Italien, ënnerbruecht. Den CDMH gëtt vun enger 1995 gegrënnter A.s.b.l. mam selwechten Numm gefouert, déi eng Konventioun mam Kulturministère a mat der Stad Diddeleng huet.

An der Gare ass eng Ausstellung; de Public huet och Zougank, op Demande, zu enger spezialiséierter Bibliothéik mat enger 5000 Bicher a 35 spezialiséierten Zäitschrëften.

Nieft der Fuerschung organiséiert den CDMH thematesch Ausstellungen a Konferenzen, ënnerhält eng Fachbibliographie a publizéiert Bicher zum Theema Migratioun.

No pasarán![änneren | Quelltext änneren]

Monument No pasarán!

Nieft der aler Gare steet e Monument mat der Skulptur No pasarán! vum Lucien Wercollier zu Éiere vun de Spueniekämpfer, déi fräiwëlleg vu Lëtzebuerg aus als Brigadisten op der Säit vun de Republikaner an de Spuenesche Biergerkrich gezu sinn, fir géint déi franquistesch Truppen ze kämpfen an deenen hire Slogan No pasarán war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Luigi Peruzzi, en italieeneschen Awanderer zu Esch-Uelzecht, dee seng Memoiren aus den 1930er Jore bis 1945 verëffentlecht huet.
  • Convivium, eng italieenesch-lëtzebuergesch Associatioun, déi ë. a. de Studium vun der Geschicht vun der italieenescher Immigratioun zu Lëtzebuerg promovéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Centre de documentation sur les migrations humaines – Biller, Videoen oder Audiodateien