Centre de recherche public Henri-Tudor

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vum CRP Henri-Tudor

De Centre de recherche public Henri-Tudor ass eng ëffentlech Fuerschungsariichtung zu Lëtzebuerg mat Sëtz um Kierchbierg [1] an der Stad Lëtzebuerg.

En ass den 31. Juli 1987 duerch e Groussherzoglecht Reglement [2] als CRP beim IST an d'Liewe geruff ginn a gouf an de Statuten, déi als Annexe zum Groussherzogleche Reglement verëffentlecht goufen, nom lëtzebuergeschen Ingenieur Henri Tudor genannt, dem Erfinder vum éischte brauchbare Bläiakkumulator.

Den CRP Henri-Tudor cibléiert d'Secteure vun den Servicer, vun der Produktioun, vun der Santé a vun der Sozialversécherung, awer och den ëffentleche Secteur als Ganzt; e besonnescht Zilpublikum sinn déi Kleng- a Mëttelbetriber (PME).

An Zesummenaarbecht mam Centre hospitalier de Luxembourg bedreift den CRP Henri-Tudor de Site WikiFood.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Fuerschungs- an Entwécklungsaktivitéiten stimuéieren an ënnerhuelen;
  • wëssenschaftlech a technesch Kooperatiounen ageoen an zum Transfert vun Technologien tëscht dem ëffentlechen an dem private Secteur beidroen;
  • d'Betriber beroden bei der Aféierung vun neien Technologien;
  • d'Fërdere vun neien economeschen Aktivitéiten;
  • d'Informatioun iwwer international Kooperatiounsprogrammer bündelen an zougänglech machen.

Aktivitéiten a Servicer[änneren | Quelltext änneren]

  • ugewant an experimentell Fuerschung;
  • Fuerschung iwwer Doktorater;
  • Entwécklung vu Geschir, Methoden, Labelen, Zertifikater a Normen;
  • technologesch Berodung an Hëllef;
  • Wëssenstranfert a Betribsgrënnungen.

Departementer vum CRP Henri-Tudor[änneren | Quelltext änneren]

  • Centre de ressources des technologies pour la santé (CR SANTEC)
  • Centre de ressources des technologies pour l'environnement (CRTE)
  • Centre de ressources des technologies et de l'innovation pour le bâtiment (CRTI-B)
  • Centre de veille technologique (CVT)
  • SITec®, Knowledge Transfer & Training Centre [3]
  • Incubateur d'entreprises innovantes (Technoport®)
  • Advanced Materials & Structures (AMS)
  • Service science & innovation (SSI)

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Hans-Peter Walter, Direkter vun der SuperDrecksKëscht,[4] bei senger Interventioun an der Conférence-débat: «Économie circulaire et nouvelles formes de consommation. Stratégies européennes et perspectives luxembourgeoises», den 20. Oktober 2014 am CRP Henri-Tudor um Kierchbierg.
  • 1982 : Grënnung vum LMA - Laboratoire de microélectronique appliquée
  • 1983 : Grënnung vun der A.s.b.l. SIT - Séminaire informatique et technologies
  • 1984 : Grënnung vum Département d'informatique appliquée beim IST
  • 1985 : Grënnung vun der A.s.b.l. ADAPTH
  • 7. Februar 1987 : Virschlag fir d'Grënnung vun engem "Institut Henri-Tudor"
  • 9. Mäerz 1987 : Loi-cadre iwwer d'ëffentlech Fuerschung (Recherche publique) [5]
  • 1987 : Grënnung vum CRP Henri-Tudor
  • 1988 : Grënnung vun der Organisatioun SITec®
  • 1991 : éischt Projete vum Type Technoport
  • 11. August 1996 : Loi-cadre iwwer d'Héichschoulen (Enseignement supérieur)
  • 30. Juni 1998 : Lancement vum Technoport Schlassgoart
  • 31. Mee 1999 : Gesetz zum Fonds national de la recherche (FNR)
  • 30. Juni 2001: D'Pilotphase vum Technoport Schlassgoart geet zu Enn
  • 17. Juli 2003 : Gesetz zur Uni Lëtzebuerg
  • Januar 2004: 4. Entwécklungsplang (2004-2008)
  • Mäerz 2008: De contrat de performance 2008 - 2010 mat dem Staat gëtt ënnerschriwwen.

Et ass virgesinn, datt den CRP Henri-Tudor 2015 mam CRP Gabriel-Lippmann zum CRP Luxembourg Institute for Science and Technology (LIST) fusionéieren a bis 2018 op d'Belval plënnere soll.[6][7]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Centre de recherche public Henri-Tudor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Zum Bau vum Siège cf. folgend zwee Gesetzer:
    Loi du 19 juillet 1997 relative à la construction d'un bâtiment pour le Centre de Recherche Public Henri Tudor et le Centre de Technologie de l'Education à Luxembourg-Kirchberg. Mémorial A n° 55: 1687-1688 vum 8. August 1997.
    Loi du 12 août 2003 relative à l'adaptation budgétaire du projet de construction d'un bâtiment pour le Centre de Recherche Public Henri Tudor et le Centre de Technologie de l'Education à Luxembourg-Kirchberg. Mémorial A n° 132: vum 9. September 2003.
  2. Cf. Règlement grand-ducal du 31 juillet 1987 portant création d´un centre de recherche public auprès de l´institut supérieur de technologie Mémorial A n° 68: 1606-1610 vum 22. August 1987.
  3. Den CRP Henri-Tudor bedreift e Formatiouns- a Qualifikatiounszenter, deen all Joer eng 240 Weiderbildungen ubitt.
  4. http://www.sdk.lu/lu/Home.html
  5. Loi du 9 mars 1987 ayant pour objet:
    1) l'organisation de la recherche et du développement technologique dans le secteur public;
    2) le transfert de technologie et la coopération scientifique et technique entre les entreprises et le secteur public.
    Mémorial A n° 13: 163-168 vum 18. Mäerz 1987
  6. "Fusiounen: Déi 2 CRPe gi bis 2018 op Belval zesummegeluecht." RTL.lu - 19.04.2012, 15:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.04.2012, 17:23.
  7. "Création du groupement "Luxembourg Institute for Science and Technology" (LIST GIE)" op innovation.public.lu, 11.01.2013.