Centre européen Schengen

Vu Wikipedia

De Centre européen zu Schengen ass e Gebai mat Versammlungsraim an engem Musée mat enger Daueraustellung iwwer d'Schengener Ofkommes.

Op 200 Quadratmeter ginn d'Leit alles Wëssenswäertes iwwer d'Geschicht vum Schengener Ofkommes gewuer. An der interaktiver Dauerausstellung kann ee sech historesch Fotoen a Filmer ukucken. Zu der Ausstellung gehéiert ausserdeem eng interaktiv Kaartenanimatioun, wou ee gesäit wéi d'Grenzen an Europa sech säit 1815 verännert hunn, een Europa-Puzzle, an e "Schengen- Pass" Automat, wou all Visiteur sech säin eegene Schengen-Pass als Souvenir ausdrécke kann.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Europazenter gouf 2005 am Gebai vun der fréierer Schwemm vum Klouschter vu Schengen ageriicht.[1] 2010 gouf den Zenter ëmgebaut and den 13. Juni 2015, genee 25 Joer no der Ënnerzeechnung vum Schengener Ofkommes, gouf den Europa-Musée ageweit.[1]

D'Gebai gehéiert der Administratin des bâtiments publics, also dem Lëtzebuerger Staat. De Musée gëtt vum Veräin Schengen asbl gefouert.[1]

Am Mee 2016 hat en Deel vum Plaffong sech lassgeléist a war op d'Exponate gefall, woubäi awer kee Mënsch blesséiert gouf.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Musée Européen Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 A.-A. Schmitz, 2016. Die Decke hängt weiter schief. Europamuseum in Schengen wird nicht vor dem Jahresende wiedereröffnet. Luxemburger Wort vum 5. August 2016, S. 22.