Centre national d'études spatiales

Vu Wikipedia

De Centre national d'études spatiales (frans. le CNES) ass déi franséisch Raumfaartagentur. D'Organisatioun gouf 1961 gegrënnt. 1965 gouf mat der franséischer Drorakéit Diamant den Astérix, deen éischte franséische Satellit vun der Rakéitestartplaz Hammaguir an Algerie gestart. 1968 gouf de Centre Spatial Guyanais bei Kourou (Guyane) fäerdeg. 1975 gouf den nationale Rakéiteprogramm zu Gonschte vun der europäescher Ariane-Rakéit gestoppt.

Nieft der Weltraumgare zu Kourou bedreift den CNES weider Buedemstatiounen[1] fir d'Iwwerwaachung vun den Arianeflich:

Den CNES ass nieft der ziviller Fuerschung och fir déi militäresch zoustänneg a bedreift zum Beispill de Syracuseprogramm fir militäresch Kommunikatiounssatelliten. Zanter 1993 ënnersteet e formell dem franséische Fuerschungsministère wéi och dem Verdeedegungsministère.

President vum CNES ass zanter dem 19. Februar 2003 de Yannick d'Escatha.

Am Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS) ass den CNES Vollmember.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2012-02-11. Gekuckt de(n) 2012-03-24.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie