Centre national d'études spatiales
De Centre national d'études spatiales (frans. le CNES) ass déi franséisch Raumfaartagentur. D'Organisatioun gouf 1961 gegrënnt. 1965 gouf mat der franséischer Dréierrakéit Diamant deen éischte Satellit vum an der Tëschenzäit stëllgeluechter Weltraumgare Hammaguir an Algerien gestart. 1969 gouf de Centre Spatial Guyanais bei Kourou (Franséisch-Guayana) fäerdeg. 1975 gouf den nationale Rakéiteprogramm zugonschte vun der europäescher Ariane-Rakéit gestoppt.
Niewent der Weltraumgare zu Kourou bedreift de CNES weider Buedemstatiounen[1] fir d'Iwwerwaachung vun den Arianeflich:
Den CNES ass niewent der ziviler Fuerschung och fir déi militäresch zoustänneg a bedreift zum Beispill de Syracuseprogramm fir militäresch Kommunikatiounssatelliten. Zënter 1993 ënnersteet e formell dem franséische Fuerschungsministère wéi och dem Verdeedegungsministère.
President vum CNES ass zënter dem 19. Februar 2003 de Yannick d'Escatha.
Am Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS) ass den CNES Vollmember.