Centre national de la recherche scientifique

Vu Wikipedia

D'Centre national de la recherche scientifique (CNRS) (Nationalen Zentrum fir wëssenschaftlech Fuerschung) ass als national franséisch Fuerschungsorganisatioun dem Fuerschungsministère ënnerstallt a beschäftegt sech mat der Grondlagefuerschung. E ka mat der däitscher Max-Planck-Gesellschaft verglach ginn, allerdéngs villméi grouss an domat manner enk fokusséiert. Sou ass den CNRS déi gréisst Fuerschungsorganisatioun an Europa.

Am Joer 2004 huet den CNRS 11.600 Wëssenschaftler ënner am Ganze 26.000 Mataarbechter beschäftegt, déi op den zwéin nationalen Institute fir Kär- an Deelchephysik a fir Mieresléier an Astronomie oder an engem vun den aacht sougenannte wëssenschaftlechen Departementer fuerschen.

D'Fuerschungsberäicher vun de wëssenschaftlechen Departement:

  • Kär- an Deelchephysik
  • Ingenieurswëssenschaften
  • Geowëssenschaften
  • Geeschtes- a Sozialwëssenschaften
  • Liewenswëssenschaften
  • Chimie
  • Physikalesch a Mathematesch Wëssenschaften
  • Kommunikatiouns-, Informatiounswëssenschaften an Technologie

Den CNRS war och un der Entwécklung vun der fräier Softwarelizenz CeCILL bedeelegt.

Den CNRS gouf den 19. Oktober 1939 gegrënnt. D'Virgängergesellschafte waren d'Caisse nationale de la recherche scientifique an den Office national des recherches scientifiques et des inventions, déi schonn 1938 fusionéiert haten.

Den Haaptsëtz vum CNRS ass Paräis, d'Fuerschungsplaze sinn iwwer ganz Frankräich verdeelt.

D'Fuerschungsorganisatioun huet Auslandsvertriedungen zu Bonn, Bréissel, Johannesburg, Moskau, Peking, Santiago de Chile, Tokio, Tunis, Washington D.C. an Hanoi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]