Centre national de littérature

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Servais-Haus
D'Haus vum Park aus gesinn,

Den Nationale Literaturzentrum, offiziell Centre national de littérature (CNL), ass e staatlecht Kulturinstitut zu Lëtzebuerg, dat dem Kulturministère ënersteet, an deem seng Missioun et ass, Literatur aus Lëtzebuerg ze konservéieren, z'erfuerschen an zougänglech ze maachen (ë. a. och duerch Ausstellungen, Konferenzen, Atelieren, asw.). En ass am Servais-Haus, dem Gebuertshaus vum Emmanuel Servais, zu Miersch installéiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Servais-Haus Nuvola apps xmag.png

Aufgaben a Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Literaturzentrum sammelt alles, wat mat der literarescher Kreatioun zu Lëtzebuerg no 1815 ze dinn huet: Manuskripter, Drocksaachen, Biller a soss Dokumenter, déi domat zesummenhänken. Dorënner sinn ongeféier 40.000 Bicher, déi kënnen op der Plaz gelies, awer net ausgeléint ginn.

D'Grondlag vum Nationale Literaturzenter ass 1986 am Nationalarchiv geluecht ginn. 1995 konnt en am Servais-Haus seng Dieren opmaachen. Direkter ass de Claude D. Conter, deen am Mee 2012 d'Nofolleg vun der Germaine Goetzinger ugetratt huet.

D'Literaturzentrum schafft zesumme mat anere Bibliothéiken an Archiver, wéi den Archives et Musée de la littérature zu Bréissel, oder dem Deutsche Literaturarchiv zu Marbach.

De CNL organiséiert regelméisseg Virliesungen, Virträg, Filmprojektiounen an Ausstellungen, a gëtt Publikatiounen eraus.

Eng Annexe, d'Haus Becker-Eiffes, mat zousätzleche Büroen an 2 Studioe fir kënnen Auteuren en résidence z'empfänken, gouf uganks 2009 ageweit. Doran ass och e grousse moderne Magazin fir d'Archiver.[1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 15
Luxemburger Autorenlexikon

D'Serie Lëtzebuerger Bibliothéik[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Bibliothéik (fr. Nouvelle bibliothèque du Luxembourg) ass eng Serie, an där eeler, literaresch Wierker vu bekannte lëtzebuergesch Auteuren aus dem 19. an dem 20. Joerhonnert nei erausginn a wëssenschaftlech kommentéiert ginn, mat dem Zil, datt dës Texter fir de Lieser nees um Bichermaart ze fanne sinn.

D'Serie Collection Essais[änneren | Quelltext änneren]

An dëser Serie gi Wierker gemeinsam vum nationale Literaturzentrum an den Editions Phi erausbruecht.

  • Gast Mannes & Roger Muller, 2009. Heinrich Stammer und der Bund Polyhymnia : ein Pestalozzianer als Pädagoge, Schulbuchautor und Initiator der Luxemburger Literatur- und Sprachgeschichte des 19. Jahrhunderts. Differdange : Phi; Mersch : Centre national de littérature. 321 S.

Ausstellungskatalogen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter senger Erëffnung am Joer 1995 bréngt den nationale Literaturzentrum zu all Ausstellung e Katalog eraus. Rezent Beispiller sinn:

  • Germaine Goetzinger, Roger Muller, Nicole Sahl & Josiane Weber, 2009. Dicks: 1823 - 1891, Edmond de la Fontaine - Ech sinn e groussen Hexemeeschter. Ausstellung und Katalog. Mersch : Centre national de littérature. 279 S.
  • Heumann, Hugo, 2007. Erlebtes-Erlittenes : von Mönchengladbach über Luxemburg nach Theresienstadt : Tagebuch eines deutsch-jüdischen Emigranten. Hrsg.: Germaine Goetzinger & Marc Schoentgen. Mersch : Centre national de littérature. 120 S.

Audiovisuel Dokumenter[änneren | Quelltext änneren]

Den nationale Literaturzentrum bréngt regelméisseg Audioproduktiounen eraus, dacks als Complément zu engem Ausstellungskatalog.

  • Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst. CD. Germaine Goetzinger, Gast Mannes, Roger Müller.
  • Dies irae - e lëtzebuerger hörspill. CD. Michel Grevis: Text - Michel Zeches: Musek. Marco Lorenzini: Stëmm - Vania Lecuit: Gei - Danielle Hennicot: Braatsch - Catherine Lebrun: Cello - Maurice Clement: Uergel - Guy Frisch: Perkussioun.
  • Antoine Meyer: E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus / Jong vum Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus. 2004. CD. Spriecher: Steve Karier. Toun: Philippe Mergen. Studio: CNA Diddeléng.
  • Dicks: Ech sin e groussen Hexemeechter. 2009. CD. Spriecher: Steve Karier. Toun: Yves Melchior. Studio: CNA Diddeléng.

Lafend Bibliographie vun der Lëtzebuerger Literatur[änneren | Quelltext änneren]

D'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise ass e Relevé vun der literarescher Produktioun zu Lëtzebuerg, deen zanter 1989 all Joer erauskënnt. D'Editiounen 2001 bis 2008 stinn als PDF-Dokumenter um Internetsite vum CNL zur Dispositioun. [1]

  • Daphné Boehles, 2009. Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise 2008 : (21e année) et compléments des années précédentes. Mersch : Centre national de littérature. 479 p.

Inventairen[änneren | Quelltext änneren]

Den nationale Literaturzentrum bréngt regelméisseg Inventairen eraus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Centre national de littérature – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]