Centre national de recherche archéologique

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Nationale Fuerschungszenter fir Archeologie, offiziell Centre national de recherche archéologique (CNRA), ass en Zenter zu Lëtzebuerg, deen dem Kulturministère ënnersteet an dem Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ugeschloss ass. E gouf duerch e Règlement grand-ducal vum 24. Juli 2011 an d'Liewe geruff an huet säi Sëtz zu Bartreng. Seng Missioun ass et, d’Iwwerrester aus vergangenen Zäit zu Lëtzebuerg z'erfuerschen, ze konservéieren an zougänglech ze maachen (ë. a. och duerch Publikatiounen, Ausstellungen, Konferenzen, Visite guideen, asw.).

Archeolog beim Moossen vun engem Profil

Inhaltsverzeechnes

Aufgaben a Beschreiwung [änneren]

De CNRA ënnersicht am Virfeld vu Bauprojeten, oder aus Fuerschungsgrënn, den Terrain fir Informatiounen iwwert d'Geschicht, d’Ëmwelt, d'Economie a d’Kultur vun Gesellschaften an fréierer Zäit ze sammeln, dozou gi verschidde Prospektiouns- an Ausgruewungsmethoden agesat.

Den CNRA schafft zesumme mat anere Fuerschungsinstituter, Bibliothéiken an Archiver am In- an am Ausland.

D’Mataarbechter vum CNRA organiséieren regelméisseg Virträg, Konferenzen an, an Zesummenaarbecht mam Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, Ausstellungen. En Haaptdeel vu senger Aarbecht läit am Ënnersiche vun archeologesche Siten an am Erausginn vun archeologeschen Publikatiounen.

Direkter ass de Foni Le Brun-Ricalens.

Dokumentatioun vun engem Keller an der réimescher Villa zu Bartreng

Publikatiounen [änneren]

  • Musée national d'histoire et d'art & Centre national de recherche archéologique, 2011. Unter unseren Füßen. Sous nos pieds. Archäologie in Luxemburg. Archéologie au Luxembourg 1995-2010. Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg Nr. 14 (10), 200 S. ISBN 978-2-87985-161-7 (Katalog vun der Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht vum 20. Oktober 2011 bis den 2. September 2012.)
  • Empreintes – Annuaire du Musée national d'histoire et d'art / Centre national de recherche archéologique (zënter 2008 eemol d’Joer)

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]