Cercle Joseph-Bech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Cercle Joseph-Bech ass eng Groupéierung vun zum gréissten Deel jonken CSV-Politiker, déi éischter dem rietse Flillek vun där Partei zougerechent ginn.
Benannt nom Joseph Bech, engem laangjärege (Premier)minister vun der Rietspartei a spéider vun hirer Nofolgerin, der CSV, formuléiert de Cercle Usiichten, déi meeschtens riets vun deene vun der CSV leien. De Cercle Joseph-Bech presentéiert sech als Denkfabréck (am Originaltoun "Think tank", no amerikaneschem Virbild) an huet e gewëssen Afloss op d'Lëtzebuerger Politik, schonn alleng duerch d'politesch oder administrativ Poste vu senge Memberen. [1] [2] [3]
Bekannt Memberen:
- Frank Engel (President)
- Patrick Santer
- Marc Rauchs
- Livius Gorecka
(am Ganzen ongeféier 30 Leit)
[änneren] Publikatiounen
- Cercle Joseph Bech: Un État dans son siècle – Refonder le Luxembourg. Bertrange: Éditions Codex, 2005. ISBN : 2-9599676-1-5
- Cercle Joseph Bech: Joseph Bech. mélanges présentés à l’occasion du 30e anniversaire du décès du père fondateur de l’Europe. [réd.: Jacques Santer, Charles-Ferdinand Nothomb, Lucien Thiel, Serge Sandt, Steff Schaeler, Frank Engel, Patrick Birden, Patrick Santer, Gaston Thorn, Jean Spautz, Betty Bech]. Bertrange: Ed. Codex, 2005. ISBN 2-9599676-0-7
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Quellen
Das politische System Luxemburgs: Eine Einführung von Wolfgang H. Lorig und Mario Hirsch