Cercle municipal

Vu Wikipedia
Cercle municipal
Land Lëtzebuerg
Plaz Place d'Armes
Koordinaten 49°36'41,29"N, 6°7'46,56"O
Architekt(en) Pierre a Paul Funck
Datum vum Bau 1910
Proprietär Stad Lëtzebuerg

De Cercle municipal op der Plëss d'Arem an der Stad Lëtzebuerg, am Volleksmond Zerkel genannt, ass e Verwaltungsgebai vun der Stad Lëtzebuerg mat e puer Festsäll.

D'Gebai läit um ëstleche Bord vun der Plëss d'Arem an ass ëmgi vun der Lantergässel am Norden an der Paschtoueschgaass am Süden.

Geschicht vum Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Op der Plaz vum haitege Cercle stoungen e puer Wunnhaiser déi 1827 vun der Famill Johann Metz un de Cercle littéraire verkaaf goufen. Dëse Cercle huet d'Haiser ofrappe gelooss fir an hirer Plaz - tëscht der Paschtoueschgaass (rue du Curé) an der Lantergässel (rue Génistre) - en neit Gebai opriichten ze loossen, dat um westleche Wupp un d'Haaptwuecht vun der preisescher Bundesfestung gestouss ass. Opgrond vum Veräi sengem Numm gouf d'Gebai ënnert dem Numm "Cercle" bekannt.

Den 28. Juni 1830 ass de Grondstee fir de Cercle geluecht ginn an et gouf monter drop lass gebaut, bis awer gläich duerno keng Sue méi do waren. Fir op d'mannst en Deel vun de Scholde bezuelen ze kënnen, ass den éischte Stack an en Theatersall ëmgebaut ginn an d'Gebai gouf verlount.

Wéinst Onstëmmegkeeten ass de Cercle littéraire 1830 opgeléist ginn. Dat aalt Gebai gouf 1901 vun der Stad Lëtzebuerg fir 60.000 Frang kaaft. D'Gemeng huet doropshin hir Museksschoul an de Cercle verluecht an och den Turnveräin Gym konnt sech do etabléieren.

Tëscht 1855 an 1870 goufen am Cercle dem Dicks seng Theaterstécker opgefouert.

1868 huet d'Gemeng dunn d'Gebai fir e Jorespräis vu 4.000 Frang un d'Marguerite Faber verpacht, déi do d'Wirtschaft "Café du Cercle" - och nach bekannt als "Beim Gretchen" - bedriwwen huet. D'Madame Faber huet der Gemeng d'Gebai 1877 fir e Präis vu 75.000 Frang ofkaaft.

Nom Doud vun der Marguerite Faber huet hiren Neveu Johann Lentz en drëtte Stack op d'Gebai baue gelooss. De Festsall gouf de Mëttelpunkt vum gesellschaftleche Liewen an der Stad.

1901 huet d'Gemeng dunn d'Gebai erëm zeréckkaaft (fir 185.000 Frang), zesumme mam Gebai vun der Haaptwuecht; se wollt hei e stättesche Festsall opriichten. Den urspréngleche Plang fir d'Gebai ze renovéiere gouf awer vum Schäfferot séier verworf an et gouf decidéiert op der selwechter Plaz en neit Gebai opzeriichten.

An de Joren 1903 - 1904 gouf en Architekteconcours organiséiert, bei deem d'Entwërf hu missen anonym agereecht ginn. No e puer Duerchgäng, bei deene fir d'éischt véier Entwërf präméiert goufen an déi da vun den Architekten nach weider verbessert goufen, sinn als Gewënner vum Concours schliisslech déi gemeinsam Entwërf vun den Architekte Pierre Funck a sengem Jong Paul gewielt ginn.

Dat neit Gebai konnt schliisslech am Joer 1910 fäerdeg gestallt ginn.

Kuckeswäert ass eng Fris vum Pierre Federspiel op der viischter Fassad, deen d'Iwwerreeche vum Fräiheetsbréif un d'Bierger vun der Stad am Joer 1244 duerch d'Gräfin Ermesinde duerstellt.

Vun 1953 bis 1969 ass de Cercle vun der CECA als Sëtzungsgebai benotzt ginn. Seng Festsäll déngen der Gemeng fir Ausstellungen oder de Veräiner fir Reuniounen.

Den Zerkel gouf fir d'lescht 1990, an dann nees vu Februar 2006 bis Enn Abrëll 2011 am Fong renovéiert.

An der Zäit vun der COVID-19-Pandemie huet d'Chamber hir Sëtzungen am Cercle gehalen, well do méi Plaz war wéi am Chambersgebai, fir d'Deputéiert an d'Regierungsmemberen, mat der néideger Distanz zueneen, auserneenzesetzen.

Ratskeller[änneren | Quelltext änneren]

De Ratskeller ass en Deel vum Cercle, dee vun der Paschtoueschgaass hir zougänglech ass. Zënter 1976 zielt en als Ausstellungsraum. Vun 1981 bis 1996 konnt een do eng Kopie vum Modell vun der Festungsstad besichen.

Hautdesdaags sinn do reegelméisseg Ausstellungen, sou z. B. Fotosausstellunge vun der Stater Fotothéik ënner dem Motto "Les Trésors de la Photothèque".

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cercle municipal – Biller, Videoen oder Audiodateien