Cerro Paranal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| De Bierg Cerro Paranal | |
|---|---|
| Agentur | European Southern Observatory |
| Standplaz vun der Ariichtung | Atacamawüst, Chile |
| Art vu Fuerschung | Astronomie |
| Héicht | 2635 m |
| Breedegrad | 24/37/33/S |
| Längegrad | 70/24/11/W |
Den Cerro Paranal ass e Bierg am Norden vu Chile, an der Atacamawüst. De Bierg läit ronn 120 km südlech vun Antofagasta an 12 km vun der Küst ewech. Hie logéiert d'Paranal-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire.
D'Atmosphär iwwert dem Bierg zeechent sech duerch drëchen an aussergewéinlech roueg Loftstréimung aus, wat de Bierg zu enger attraktiver Plaz fir en astronomescht Observatoire mécht. D'Spëtzt gouf an de fréiere 1990er Joren vun 2660 m op 2635 m erofgesprengt, fir e Plateau ze schafen, wou een d'Teleskopen opriichte konnt.
D'Plaz krut mat engem Seeing vun 0,18 Bousekonnen de beschte jeemools gemoossene Wäert.
Um Spaweck [änneren]
- (en) http://www.eso.org/paranal/site/paranal.html – Datentabellen zu den Observatiounsbedingungen, Geographie, Klima a Seismik (2004)
- (en) http://www.eso.org/outreach/press-rel/pr-2000/phot-36-00.html – Pressematdeelung vun der ESO zu der Geschicht vum Paranal (2000)