Château Cheval Blanc

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Thumb

De Château Cheval Blanc ass e roude Wäin a gehéiert zu de Premier-grand-Crusen (A) aus dem Gebitt ëm Saint-Émilion an ass am neie Classement vun de Wäiner vun 2006 och erëm an där Qualitéit konfirméiert ginn, dat soe wëllt, datt en déi Appellatioun nees fir zéng Joer behalen däerf.

Et ass déi zweetgréisst Wéngertepropriétéit zu Saint-Émilion. Hir Wéngerte leien un der Grenz mat Pomerol an hir Produktioun ass ongeféier 200.000 Fläschen am Joer. Si leien deelweis op Schotterbiedem an ale Sandbiedem déi als Ënnergrond Leem hunn.

De spezielle Gôut vum Wäin kënnt dohier wëll den Undeel vun der Riefzort Cabernet Franc ganz héich ass (66%), méi héich wéi all déi aner Premier-grand-Crusen. Et ass ee räiche Wäin, mat engem volle Gôut, dee wann e jonk ass, keen zevill strenge Charakter huet an dee sech gutt versuerge léisst (bis 40 Joer a méi).

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen