Châtel-sur-Moselle

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Châtel-sur-Moselle
Land: Flag of France.svg Frankräich
Regioun: Loutrengen
Departement: Vogesen
Arrondissement: Épinal
Kanton: Châtel-sur-Moselle
Awunner: 1.659 (1999)
Fläch: 1.186 ha
Geographesch Koordinaten: 48° 18' 54" N
06° 23' 37" O
Vue iwwer d'Uertschaft

Châtel-sur-Moselle ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Loutrengen.

Am Mëttelalter war Châtel-sur-Moselle eng befestegt Plaz, déi 1072 gegrënnt gouf.

Et war eng burgundesch Enclav am Herzogtum Loutrengen.

D'Festung huet fir d'éischt den Häre vu Vaudémont an duerno den Häre vun Neufchâtel, gehéiert.

D'Festungsmauere goufen tëscht 1670 an 71 vun de Fransousen ënner dem Marschall de Créquy, ewechgerappt.

D'Uertschaft déi féier einfach Châtel geheescht huet, huet säin Numm den 21. Juni 1961 geännert.

[änneren] Nopeschgemengen

[änneren] Kuckeswäertes

  • D'Iwwerreschter vun der aler Festung
  • D'Kierch Saint-Laurent déi vum Thiébaut IX. vu Neufchâtel gebaut gouf.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen