Chèvremont (Chaudfontaine)

Vu Wikipedia

Chèvremont (lokal: Tchivrimont) an der Gemeng Chaudfontaine bei Léck, ass eng Kopp südwestlech vu Fléron, an ee vun den Ausleefer vum Plateau de Herve deem seng Häng an den Dall vun der Vesdre eroffalen.

D'Plaz déi virum 8. Joerhonnert als Novo Castello ernimmt gouf, krut seng historesch Bedeitung doduerch datt do de Palais vum Ansegisel stoung an deem de Pippin vun Herstal op d'Welt koum.

No enger mëndlecher Donatioun vum Pippin, déi vum Karel de Groussen 779, vum Lothaire I. 844, an dunn nach eng Kéier vum Keeser Arnulf confirméiert gouf, hate Pateren déi spéider zu der Collégiale Notre-Dame vun Oochen gehéiert hunn, do eng kinneklech Abtei ageriicht.[1],[2].

Ëm 1688 gouf do eng Kapell vu Jesuitten déi aus England komm ware, well se do vum Cromwell verdriwwe gi waren, gebaut. Hir Wunneng an der Haie du Loup déi nach besteet, a restauréiert gouf ass haut am Besëtz vun engem Architekt.

An der Kapell, déi haut eng Pilgerplaz, fir déi wallounesch Sportler deenen hir Patréinesch Muttergottes ass, kann een allerhand sportlech Souvenire gesinn, wéi z. B. en Tricot vum Gino Bartali oder de Foussball aus dem Spill wéi den RFC Liégeois 1990 d'Belsch Coupe gewonnen huet. Wann ee vun der Kapell biergof op Vaux geet, kënnt ee laanscht e Kräizwee mat siwe Statiounen, deen un déi Siwe Schmäerze vun der Muttergottes erënnere soll.

1878 gouf vun de Karmeliter net wäit vun der Kapell eng nei Kierch gebaut, déi zu hirem 50. Gebuertsdag 1928 zur Basilika ernannt gouf.

Op engem Säitenausleefer vun der Kopp läit de Fort vu Chaufontaine an am Hank laanscht de Wee deen op d'Casmaterie féiert, den Zaldotekierfecht an deem d'Zaldote begruewe leien déi den 13. August 1914 ëm d'Liewe koume wéi e Munitiounddepot vum Fort an d'Luucht geflunn ass.

Ënner dem nërdlechen Deel vun der Kopp féiert den Tunnel vu Soumagne erduerch.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Charles Rahlenbeck,Les Pays d'Outre-Meuse Säit 13.
  2. Dictionnaire des lieux en Wallonie et à Bruxelles