Chaim Herzog

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De President vun Israel (1993-1993) Chaim Herzog

De Chaim Herzog' (17. September 1918 zu Belfast an Nordirland - 17. Abrëll 1997, war vun 1983 bis 1993 President vum Staat Israel. Hie war de 6. President vum Dag vun der Onofhängegkeet un gerechent. Virdru war hie Generol an der israelescher Arméi a Chef vun hirem Geheimdéngscht. An dësen zwou Qualitéiten huet hien 1967 vill zur Victoire vu sengem Land am Krich, deen Israel a nëmmen sechs Deeg gewonn huet, bäigedroen.

Inhaltsverzeechnes

Säi Liewenslaf [änneren]

De Chaim Herzog war de Fils vum Isaak Halevy Herzog, engem bekannte Rabbiner. Am Joer 1935 ass d'Famill no Eretz an Israel ausgewandert an do gouf säi Papp 1937 Oberrabbiner. De Chaim huet un der Universitéit vum Jischuw an duerno zu Cambridge an zu London studéiert, wou hien 1942 säin Ofschlossexamen als Jurist gemaach huet. Dat heescht, datt de Chaim Herzog am Zweete Weltkrich an England war. Hien ass, wéi de Grand-Duc Jean vu Lëtzebuerg dunn an d'englesch Arméi gaang an huet als Panzerkommandant an enger Elite-Unitéit (Guard Armoured Division) géint Nazi-Däitschland gekämpft. Méi spéit gouf hie Chef vun enger britescher Noriichtenofdeelung wou hien un der Befreiung vun de Prisonnéier aus de Konzentratiounslager an och bei der Verhaftung vum Gestapochef Heinrich Himmler matgewierkt huet a beim Verhéier vun de gefaangenen Nazicheffen derbäi war.

No sengem Austrëtt aus der britescher Arméi ass hien rëm zréck an Israel gaangen, an als Militärattaché op Washington geschéckt ginn. 1954 bis 1957 war hie Kommandant vum Bezierk Jerusalem an du vum ganze Bezierk Süden. Nodeem hien d'Arméi 1962 verlooss hat, huet hie säi Beruff ausgeübt, mä huet och gläichzäiteg als Radiokommentator a grousse militäreschen Expert eng unerkannten Ëffentlechkeetsaarbecht am Intressi vun Israel gemaach. Nom Krich vun de sechs Deeg gouf hien erëm an den aktive Militärdéngscht zréckgeruff.

Vun 1975 bis 1978 war de Chaim Herzog de Vertrieder vun Israel bei den Vereenten Natiounen.

1981 ass den Herzog als Member vun der Aarbechterpartei an de Knesset gewielt ginn, a gouf 1983 President vun Israel.

Staatsvisiten huet hien a méi wéi 30 Länner gemaach, dorënner den éischte Besuch vun engem israelesche Staatschef an Däitschland an a China.

Vun 1993 un huet de Chaim Herzog erëm e Privatliewen gelieft. Kuerz viru sengem Doud, de 17. Abrëll 1997; huet hien nach eng Kéier säi Gebuertsland Nordirland an och Irland besicht.

Exzellent Relatiounen hunn de Chaim Herzog mam Grand-Duc Jean vu Lëtzebuerg verbonnen. Wann hie während senger Amtszäit e Visiteur aus Lëtzebuerg empfaangen huet, dann huet hien direkt nom Grand-Duc Jean gefrot a war dann houfreg, fir ze betounen, dat de Grand-Duc Jean an hien an derselwechter militärescher Unitéit gedéngt haten.

Publicatiounen [änneren]

De Chaim Herog war publizistesch staark aktiv, an huet déi Aktivitéit och benotzt, fir sech fir d'Eenheet an d'Zukunft vun Israel anzesetzen. Vu senge Publikatioune sollten ernimmt ginn:

  • Herzog, Chaim: War of Atonement: The Inside Story of the Yom Kippur War (1975)
  • Herzog, Chaim: Who Stands Accused? : Israel Answers Its (1978)
  • Herzog, Chaim: The Arab-Israeli Wars: War and Peace in the Middle East (1982)
  • Herzog, Chaim: Heroes of Israel: Profiles of Jewish Courage (1989)
  • Herzog, Chaim: Battles of the Bible (1978), mat dem Historiker Mordecai Gichon, als Coauteur.
  • Herzog, Chaim: Living History (Erlieft Geschicht) (Memoiren) (1996)

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Chaim Herzog – Biller, Videoen oder Audiodateien