Chamberwale vum 13. Juni 2004

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Dobäi blouf den Haaptkoalitiounspartner vun der vireger Regierung, d'CSV, déi stäekste Partei, si krut esouguer 5 Sëtzer méi. Zweetstäerkst Partei gouf d'LSAP, déi an der Oppositioun war. Wéi och Déi Gréng hu si liicht gewonnen. De Regierungspartner vun der vireger Regierung, d'DP, huet dogéint 5 Sëtzer missen abéissen.

Et koum dofir zu engem Wiessel vun der CSV hirem Koalitiounspartner an der Regierung: Amplaz vun der DP war et d'LSAP.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Regierung Juncker-Asselborn I Nuvola apps xmag.png

D'Chamberwale waren dee selwechten Dag wéi d'Wale fir d'Europäescht Parlament.

Resultater [änneren]

Resultater vun de Chamberwale vum 13. Juni 2004
Partei
%
Sëtz
  Chrëschtlech Sozial Vollekspartei 36,1 24
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 23,4 14
  Demokratesch Partei 16,1 10
  Déi Gréng 11,6 7
  Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet 9,9 5
  Déi Lénk 1,9 0
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg 0,9 0
  Fräi Partei Lëtzebuerg 0,1 0



Chamberwalen zu Lëtzebuerg
1919 | 1922 |1925| 1928 | 1931 | 1934 | 1937 | 1945 | 1948 | 1951 | 1954 | 1959 | 1964 | 1968 | 1974 | 1979 | 1984 | 1989 | 1994 | 1999 | 2004 | 2009 | 2014