Chamberwale vum 21. Oktober 1945

Vu Wikipedia

Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 zu Lëtzebuerg goufen 51 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt[1]. D'Legislatur huet aus den uerdentleche Sessiounen 1945/46, 1946/47 an 1947/48 bestanen.

Et waren déi éischt Chamberwalen nom Enn vum Zweete Weltkrich. Fir d'Zäit tëscht der Liberatioun, am September 1944, an de Walen, hat d'Regierung eng sougenannt Assemblée consultative ageruff, an där en Deel vun den Deputéierten déi 1934 an 1937 gewielt gi waren, a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft, absënns der Resistenz, vertruede waren. Déi hat awer keng legislativ Pouvoiren, d. h. se konnt selwer keng Gesetzer stëmmen, just d'Regierung 'beroden'.[2]

Déi véier Parteien, déi den 21. Oktober 1945 déi meescht Deputéiert kruten, hunn an der Folleg vun dëse Walen d'Regierung vun der Nationaler Unioun gestallt. Domat war séchergestallt, datt déi néideg Gesetzer, fir d'Nokrichszäit ze reegelen an z'organiséieren, an engem grousse Konsens zustane kéimen.

De 16. November 1945 ass déi nei gewielt Chamber fir d'éischt zesummekomm. Net all gewielt Kandidate konnten hiert Mandat untrieden. De Professer Fritz Schneider hat op säi Mandat verzicht, fir weider Staatsbeamte bleiwen ze kënnen; hie gouf vum Nicolas Moes ersat[3]. De Pierre Frieden, deen net méi an déi nei Regierung koum, huet am Ufank vun der Sëtzung d'Wuert ergraff, fir ze soen, datt hien op säi Mandat verzichte géif, fir erëm op seng fréier Plaz als Professer an Direkter vun der Nationalbibliothéik zeréckzegoen, an hien huet dono de Sall verlooss[4]. Am Südbezierk huet de Michel Rasquin demissionéiert; hie gouf vum Hubert Clement ersat[5].

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Resultater vun de Chamberwale vum 21. Oktober 1945
Partei % Sëtz Ënnerscheed zu virdrun
  Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei 41,41 25
  Groupement démocratique 16,74 9
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 25,96 11
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg 13,49 5
  Onofhängeg 2,40 1

Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

D'Chamber huet sech aus follgenden Deputéierten zesummegesat[6]:

Alphabetesch Lëscht vun de Membere vun der Chamber
Numm Mandat vun Mandat bis Bemierkung
Victor Abens 1945
Jean-Pierre Bauer 1945
Nicolas Biever 1945
Tony Biever 1945
Albert Bodson 1948
Albert Bousser 1945
Mathias Clemens 1945
Hubert Clement 1945 1948
Emile Colling 1945
Othon Decker 1945
Auguste Delaporte 1945
Gaston Diderich 1945 29.04.1946 gestuerwen den 29. Abrëll 1946
Aloyse Duhr 1945 1948
Lucien Dury 1945
Romain Fandel 1948
Jean Fohrmann 1945
Ferdinand Frieden 1945
Pierre Frieden 1945 1948
Pierre Gansen 1945
Henri Gengler 1945
Joseph Grandgenet 1945
Pierre Grégoire 1946-47 nogeréckelt (spéitstens zanter der Sessioun 1946-1947)
Emile Hamilius 1945
Aloyse Hentgen 1945 1948
Bernard Hoffmann 1950
Nicolas Jacoby 1945
Gustave Jacquemart 1945 04.02.1950 gestuerwen de 04.02.1950; ersat vum Bernard Hoffmann
Pierre Jander 1945 1948
Camille Kasel 1945
Adrien van Kauvenbergh 1945
Léon Kinsch 1945
Adolphe Klein 1945 1948
Jean-Pierre Kohner 1945 1946-47
Nicolas Kremer 1945 1948
Antoine Krier 1948
Nicolas Leonardy 1948
Fernand Loesch 1945
Joseph Lommel 1945
Nicolas Margue 1948
Nicolas Mathieu 1945 11.03.1946 gestuerwen den 11. Mäerz 1946[7]
Nicolas Moes 1945
Denis Netgen 1945
François Neu 1945
Charles Peffer 1948
Jean Peusch 1945
Michel Rasquin 1948 huet 1945 op d'Mandat verzicht a gouf vum Hubert Clement ersat; war duerno, vum 6. Juni 1948 un an der Chamber
Emile Reuter 1945
Jean-Baptiste Rock 1945
Robert Schaffner 1945 01.03.1947 huet den 1.Mäerz 1947 op d'Mandat verzicht fir eng Ministeschplaz unzehuelen
Lambert Schaus 1945 29.08.1946 huet den 29. August 1946 op d'Mandat verzicht fir eng Ministeschplaz unzehuelen
Alphonse Schiltges 1945
Tony Schmit 1945
Fritz Schneider 1945 1948 huet op säi Mandat verzicht
Nicolas Schumacher 1945 1948
Joseph Simon 1945
Guillaume Speck 1945
Jéhan Steichen 1945
Nicolas Thill 1945
Dominique Urbany 1945 13.06.1946 huet den 13. Juni 1946 op d'Mandat verzicht fir d'Ministeschplaz vum verstuerwene Charles Marx unzehuelen; war vun 1948 un nees Deputéierten
Arthur Useldinger 1945
Charles Wagner 1946-47 nogeréckelt (spéitstens zanter der Sessioun 1946-1947)
Georges Wagner 1945
Camille Welter 1945
Jean-Pierre Wenkin 1945
Jean-Pierre Wilhelm 1945 1948
Ernest Wiltzius 1948
Nicolas Wirtgen 1945
Roger Wolter 1945

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Tageblatt an LW vum 25. a 26. Oktober 1945
  2. Jean-Louis Scheffen: "Vor 75 Jahren: Luxemburg im politischen Vakuum." wort.lu, 29.07.2020.
  3. Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 84.
  4. Escher Tageblatt 1945-11-17, S. 1 (Die erste Arbeitstagung der neuen Kammer)[1].
  5. Obermosel-Zeitung 1945-11-17, S. 3 (Kammerbericht)
  6. Compte rendu des travaux de la Chambre des députés du Grand-Duché de luxembourg, La composition de la Chambre des Députés depuis 1944, S. 95 /96 op chd.lu, der Websäit vun der Chamber, gekuckt den 22. Februar 2019
  7. Doudesannonce vum Nicolas Mathieu am Luxemburger Wort vum 13. Mäerz 1946 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-03-29.