Chamberwale vum 26. Mee 1974

Vu Wikipedia

Bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 zu Lëtzebuerg goufen 59 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Resultater vun de Chamberwale vum 26. Mee 1974
Partei Sëtz Ënnerscheed zu virdrun
  Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei 18 -3
  Demokratesch Partei 14 +3
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 17 -1
  Sozialdemokratesch Partei 5 +5
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg 5 -1

D'CSV blouf mat 18 vun 59 Sëtz zwar déi stäerkst Partei, dëst waren awer 3 manner wéi an der vireger Legislaturperiod. D'DP do dergéint krut 3 Sëtz méi a koum op hirer 14. D'LSAP krut, trotz der Ofspléckung vun engem Deel vun hire Memberen, déi 1970 eng nei Partei, d'SPD, gegrënnt haten, 17 Sëtz, wat engem Verloscht vun engem Mandat par Rapport zu virdrun entsprach huet. D'SPD hirersäits ass vun 0 op 5 Sëtz an déi nei Chamber agezunn. D'KPL schliisslech konnt 5 Deputéiert an d'Chamber schécken, ee manner wéi virdrun. D'Liberal Partei, déi just op der Zentrumslëscht kandidéiert hat, krut kee Sëtz.

An der Folleg koum et zu der Grënnung vun der éischter Regierung nom Zweete Weltkrich ouni Bedeelegung vun der CSV: der Regierung Thorn-Vouel, enger DP-LSAP-Koalitiounsregierung.

Gewielten Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Alphabetesch Lëscht vun der Zesummesetzung vun der Chamber no de Wale vum 26. Mee 1974, inklusiv deenen Deputéierten, déi op hiert Mandat verzicht hunn a vun deenejéinegen, déi se ersat hunn (déi nogeréckelt sinn). Fir déi, déi bei de Wale vum 26. Mee 1974 an d'Chamber gewielt goufen, steet als Ufank vum Mandat 1974 an der Lëscht.

Zesummesetzung vun der Chamber no de Chamberwale vum 26. Mee 1974[1],[2]
Zuel Numm Partei Bezierk gewielt Stëmmen Mandat vun Mandat bis Bemierkung
1 Victor Abens LSAP Norden direkt 10 929 1974
1 Jean Backes DP Zentrum nogeréckelt 15 239 1974 nogeréckelt fir de Jean Hamilius
Albert Berchem DP Süden direkt 11 535 1974 huet op d'Mandat verzicht
Bernard Berg LSAP Süden 27 547 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Marthe Bigelbach-Fohrmann LSAP Süden direkt 23 331 1974
1 Nicolas Birtz LSAP Süden direkt 24 426 1974
1 Léon Bollendorff CSV Zentrum direkt 17 619 1974
1 Albert Bousser SDP Zentrum direkt 6 034 1974
1 Joseph Brebsom LSAP Süden direkt 24 192 1974
1 Jean-Pierre Büchler CSV Osten direkt 8 137 1974 08.02.1978 gëtt no senger Demissioun, den 8. Februar 1978, duerch de Fernand Boden ersat
1 René Van Den Bulcke LSAP Zentrum direkt 14 743 1974
1 René Bürger CSV Süden direkt 20 389 1974
1 Emile Burggraff CSV Zentrum direkt 18 458 1974 14.09.1976 gëtt no sengem Doud, de 14. September 1976, duerch den Nicolas Mosar ersat
1 Henry Cravatte SDP Norden direkt 9 679 1974
1 Willy Dondelinger LSAP Süden nogeréckelt 23 117 1974 nogeréckelt fir de Benny Berg
1 Jean Dupong CSV Süden direkt 19 934 1974
1 Paul Elvinger DP Zentrum nogeréckelt 17 922 1974 nogeréckelt fir de Gaston Thorn
1 Joseph Eyschen DP Süden nogeréckelt 10 023 1974 nogeréckelt fir den Albert Berchem
1 Marcel Flammang KPL Süden direkt 11 896 1974 08.12.1975 gëtt no senger Demissioun, den 8. Dezember 1975, duerch den Zénon Bernard ersat
1 Colette Flesch DP Zentrum direkt 35 707 1974
1 Emile Gerson CSV Norden direkt 12 305 1974
1 Jean-Pierre Glesener CSV Süden direkt 19 363 1974
1 Joseph Grandgenet KPL Süden direkt 14 280 1974 01.05.1977 gëtt no senger Demissioun, den 1. Mee 1977 duerch den Aloyse Bisdorff ersat
1 Pierre Grégoire CSV Zentrum direkt 18 908 1974
1 Jean Gremling LSAP Zentrum direkt 14 419 1974 02.04.1979 gëtt no senger Demissioun, den 2. Abrëll 1979, duerch den Hary Ackermann ersat
Jean Hamilius DP Zentrum 18 525 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Frankie Hansen LSAP Norden direkt 7 831 1974
1 Joseph Haupert LSAP Süden direkt 24 658 1974
1 Camille Hellinckx DP Zentrum direkt 18 851 1974
1 René Hengel LSAP Zentrum direkt 16 268 1974
1 Alphonse Hildgen LSAP Zentrum nogeréckelt 14 341 1974 nogeréckelt fir de Joseph Wohlfart
1 Georges Hurt LSAP Osten direkt 5 205 1974
1 Edouard Juncker CSV Norden direkt 12 273 1974
1 Marcel Knauf LSAP Süden direkt 24 543 1974
1 René Konen DP Zentrum direkt 20 726 1974
Emile Krieps DP Zentrum 21 240 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
Robert Krieps LSAP Zentrum 15 014 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Roger Krier LSAP Süden direkt 25 581 1974
1 Joseph Lucius CSV Süden direkt 19 127 1974
1 Astrid Lulling SDP Süden direkt 11 097 1974
1 Georges Margue CSV zentrum direkt 16 473 1974
Marcel Mart DP Süden 19 311 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 René Mart DP Süden direkt 12 029 1974
1 Carlo Meintz DP Zentrum nogeréckelt 16 934 1974 nogeréckelt fir den Emile Krieps
1 Dominique Meis KPL Süden direkt 11 687 1974
1 Camille Ney CSV Norden direkt 16 126 1974
Camille Polfer DP Zentrum direkt 22 689 1974 huet op d'Mandat verzicht
1 Jacques Poos LSAP Süden direkt 25 942 1974 1975/76 huet am Laf vun der Sessioun 1975/76 op d'Mandat verzicht fir d'Plaz vum Finanzminister unzehuelen a gëtt duerch den Théophile Kirsch ersat
1 Robert Prussen DP Süden nogeréckelt 10 200 1974 nogeréckelt fir de Marcel Mart
1 Jean Regenwetter LSAP Süden nogeréckelt 23 055 1974 nogeréckelt fir de Raymond Vouel
1 Jacques Santer CSV Zentrum direkt 20 123 1974
1 Robert Schaffner DP Osten direkt 6 582 1974
1 Eugène Schaus DP Zentrum direkt 20 691 1974 26.01.1978
  • gëtt no senger Demissioun, de 26. Januar 1978, duerch den Alain Schaack ersat;
  • den Alain Schaack gëtt no deem senger Demissioun, de 5. Abrëll 1979, vum Jean-Paul Rippinger ersat
1 Marcel Schlechter LSAP Osten direkt 3 880 1974
1 Roger Schleimer SDP Süden direkt 9 581 1974
1 Jean Spautz CSV Süden direkt 22 881 1974
Gaston Thorn DP Zentrum 38 218 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Dominique Urbany KPL Zentrum direkt 4 672 1974 17.06.1975 gëtt no senger Demissioun, de 17. Juni 1975 duerch de René Urbany ersat
1 Jean-Pierre Urwald DP Osten direkt 8 436 1974
1 Arthur Useldinger KPL Süden direkt 16 706 1974 15.03.1978
  • gëtt no sengem Doud, de 15. Mäerz 1978, duerch de Carlo Spanier ersat;
  • de Carlo Spanier gëtt, no sengem Doud, de 6. Februar 1979, duerch den Nicolas Duprel ersat
Raymond Vouel LSAP Süden 27 072 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Charles Wagner DP Osten direkt 6 505 1974
1 Alex Wantz DP Norden direkt 9 052 1974
1 Antoine Wehenkel LSAP Zentrum nogeréckelt 14 052 1974 nogeréckelt fir de Robert Krieps
1 Pierre Werner CSV Zentrum direkt 29 918 1974
1 Jean Winkin CSV Norden direkt 11 586 1974
Joseph Wohlfart LSAP Zentrum 16 271 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Frank Wolff DP Norden direkt 8 356 1974 01.01.1978 gëtt den 1. Januar 1978 zum Veterinärinspekter am Staatslaboratoire ernannt an duerch d'Marthe Thyes-Walch ersat
1 Jean Wolter CSV Süden direkt 20 814 1974
59


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bulletin de documentation n°2/1974. Édition spéciale "Les élections législatives du 26 mai 1974 et la formation du nouveau gouvernement S. 1-5 op sip.gouvernement.lu
  2. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.61-62.