Chambre de commerce

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Chambre de commerce
(Handelskummer)
De Sëtz vun der Chambre de commerce um Kierchbierg (2013)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 01.10.1841
Sëtz 7, Rue Alcide De Gasperi
Lëtzebuerg
Leedung Fernand Ernster (President CA)
Carlo Thelen (Generaldirekter)
Branche Beruffschamber
Homepage www.cc.lu


D'Chambre de Commerce, och Handelskummer genannt, ass eng Lëtzebuerger Beruffschamber, déi d'Interête vum Handel, der Industrie, de Banken an all anere Betriber mat Ausnam vun deenen aus dem Handwierk an der Landwirtschaft vertrëtt. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.

D'Chambre de commerce ass hirersäits Member am Daachverband Union des entreprises luxembourgeoises (UEL).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Oktober 1841, nëmmen zwee Joer no der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg, huet de Kinnek a Grand-Duc Wëllem II. duerch en Arrêté d'Handelskummer geschaaft[1]. Se hat deemools 21 Memberen déi ë. a. follgend Beruffssparte vertrueden hunn: Schmëtten, Händschen-, Porzeläin- a Pabeierfabricken, Wiewereien, Millen, Tubaksindustrie, asw.

D'Schafe vun der Handelskummer gouf de 4. Abrëll 1924 nach duerch e Gesetz confirméiert[2], mat deem zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut gouf. Nieft der Handelskummer goufen ë. a. och nach Handwierkerkummer an d'Landwirtschaftskummer an d'Liewe geruff.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Presidente vun der Handelskummer[3]

De Generaldirekter ass zanter Januar 2014 den Ekonomist Carlo Thelen[4].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté royal du 1er octobre 1841, N° 12, portant instruction d'une Chambre de commerce dans le Grand-Duché. legilux.public.lu (01.10.1841). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  2. Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  3. Chambre de Commerce 175, Chambre de Commerce Luxembourg, 2016.
  4. Biographie. www.carlothelenblog.lu. Gekuckt de(n) 12.09.2020.