Chang'e-3

Vu Wikipedia
Chang'e-3
Missiounszil Äerdmound
Land China
Agentur CNSA
Startmass ?
Drorakéit CZ-3B
Start 1. Dezember 2013, 17:30 UTC
Moundlandung 14. Dezember 2013, 13:11 UTC
Startramp Kosmodrom Xichang
Landepositioun vun der Chang'e-3 op der Mounduewerfläch

D'Chang'e-3 (嫦娥三号) ass déi drëtt Raumsond vun der CNSA an déi drëtt Missioun am Moundprogramm vun der Volleksrepublik China. Dräi weider Missioune si geplangt. Nodeem déi béid Virgängersonden Chang'e-1 an Chang'e-2 Orbiter waren, ass d'Chang'e-3 erfollegräich um Äerdmound de 14. Dezember 2013 gelant an huet e Moundrover mam Numm Yutu (Jadehues) um Mound ofgesat.

Den 1. Dezember 2013 war Chang'e-3 u Bord vun enger Rakéit vum Typ Laange Marsch 3B vum Kosmodrom Xichang an eng Äerdëmlafbunn gestart. 20 Minutten nom Start gouf d'Sond vun der Rakéit getrennt. Aus der Äerdëmlafbunn war d'Sond an en Transferorbit ageschwenkt. D'Aschwenken an eng Moundëmlafbunn war de 6. Dezember a gouf mat dräi Korrekturmanövere virbereet. No engem Bremsmanöver gouf dunn eng Kreesbunn ëm de Mound mat enger Héicht vun 100 km erreecht. No engem Ofstig op 15 km gouf duerch e weidere Bremsmanöver d'Landung ageleet.

Déi mëll Landung war de 14. Dezember um 13:11:18 UTC, een Ëmlaf méi fréi wéi ufanks geplangt an domat 250 km ëstlech vum Sinus Iridum am Mare Imbrium bei 44,115° N 19,515° W. Et goufe Livebiller vun der Landung iwwerdroen.[1] Sechs Stonne méi spéit huet den 140 Kilo schwéiere Rover de Lander iwwer eng Ramp verlooss.[2]

Fir d'Ënnerstëtzung vun der Sond schafft China mat der ESA zesummen, déi hir weltwäit Infrastruktur fir den Empfang vun de Funksignaler zur Dispositioun stellt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bilder der Abstiegskamera
  2. Video vom Verlassen des Landers, CCTV