Chaos Computer Club

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Logo vum Club ass de Chaosknuet

De Chaos Computer Club (CCC) ass eng Associatioun, an där sech Hacker zanter 1981 zesummegeschloss hunn, déi sech eegenen Aussoen no fir grenziwwerschreidend Informatiounsfräiheet asetzen a sech mat den Auswierkunge vun Technologien op d'Gesellschaft souwéi op dat eenzelt Liewewiese beschäftegen[1].

Member ka jiddweree ginn, dee sech mat den Ziler vum CCC identifizéiere kann. D'Mataarbecht am CCC ass awer net un eng Memberskaart gebonnen. Den 1986 gegrënnten däitschen agedroene Veräin Chaos Computer Club e. V. huet mëttlerweil eng 2000 Memberen. De regionalen Erfarungsaustauschkrees vu Lëtzebuerg gouf 2008 als Chaos Computer Club Lëtzebuerg a.s.b.l. vu sechs Membere gegrënnt.

Ënner der Internetadress bigbrother.lu presentéiert de Club zanter Enn Oktober 2012 eng Kaart mat alle privat an ëffentlech bedriwwenen Iwwerwaachungskameraen uechter d'Land.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Präambel vun de Statute vum CCC
Commons: Chaos Computer Club – Biller, Videoen oder Audiodateien