Chardonnay

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chardonnay

De Chardonnay ass eng wäiss Riefzort.[1] Et ass déi Rief déi an der klenger Grupp vun de klassesche Riefzorten déi beléifst ass.

De Chardonnay deen sou gutt a waarmen wéi a frësche Lage wiisst, kann ofhängeg vum Klima a vum Buedem verschidden an heiansdo ganz staark Aromen hunn.

Wäiner aus Chardonnayriewen déi aus gudde Lagen an der Bourgogne kommen, hale sech ganz gutt iwwer Joren ewech. Déi bekanntst Lagen a Frankräich sinn d'Côte-d'Or de Wéngert vu Chablis, dee vu Mâcon an d'Champagne. An der Bourgogne gëtt de Chardonnay net verschnidden, an an der Champagne gëtt e mat Pinot noir a mat Pinot meunier gemëscht. Champes deen nëmmen aus Chardonnay hiergestallt gëtt, hesscht Blanc de Blancs. Am Jura fënnt een en am Crêmant du Jura erëm.

Chardonnay fënnt een ausser a Frankräich nach an Australien an a Kalifornien

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Op der Lëtzebuerger Musel gouf 2011 de Chardonnay op enger Fläch vun 18,89 ha ugebaut.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. cf. Larousse du vin, 2004, Säit 36
  2. Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2011 (Link op pdf-Dokument)