Charles Conrad

Vu Wikipedia
Charles Conrad
Gebuertsnumm Charles Conrad, Jr.
Pseudonym Pete Conrad
Gebuer 2. Juni 1930
Philadelphia
Gestuerwen 8. Juli 1999
Ojai
Doudesursaach Motorradaccident
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit,
United States Naval Test Pilot School
Aktivitéit Offizéier, Astronaut, Pilot, Autospilot

De Charles "Pete" Conrad, Jr., gebuer den 2. Juni 1930 zu Philadelphia, Pennsylvania a gestuerwen den 8. Juli 1999 zu Ojai, Kalifornien war en US-amerikaneschen Astronaut. Hie war den drëtte Mënsch um Äerdmound.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Conrad war an enger Famill opgewuess, déi hiert Verméigen an der Weltwirtschaftskris verluer hat. Duerch d'Protektioun vu sengem Monni konnt hien zu Haverford an eng Privatschoul goen. Behënnert duerch seng Legasthenie ass hien awer duerchgefall an huet d'Schoul misse verloossen.

De Conrad goung dunn an d'Darrow School zu New Lebanon, wou hie wéinst engem anere Léiersystem gutt Leeschtungen hat. No sengem Ofschloss 1949 gouf hien net nëmmen op der Princeton Universitéit ugeholl, mä e krut och e Stipendium vun der US-Marinn.

Vu 15 Joer un, huet de Conrad all Geleeënheetsaarbechten um Fluchhafen zu Paoli ugeholl, fir am Géigenzuch mat fléien ze kënnen an heiansdo selwer ze pilotéieren. Nach als Schüler huet hien de Piloteschäi gemaach.

Marinn[änneren | Quelltext änneren]

De Conrad huet säi Studium op der Princeton University 1953 mam Diplom a Loftfaarttechnik ofgeschloss a goung uschléissend bei d'US-Marinn, wou hie Pilot gouf. Méi spéit gouf hien do Instrukter a vun 1957 un, Testpilot an der Naval Air Station Patuxent River. Hie war um Fligerdréier USS Ranger am Déngscht.

NASA[änneren | Quelltext änneren]

Auswiel an Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

Uewen, v.l.n.r:Den David R. Scott an den Charles Conrad. Ënnen, v.l.n.r.: Den Richard F. Gordon an den Neil Armstrong

Als militäreschen Testpilot koum de Conrad Ufank 1959 och an déi enk Auswiel fir d'Astronaute vun der éischter NASA-Grupp fir de Mercury-Programm. De Conrad huet misse medezinesch Tester an der Lovelace Clinic zu New Mexico matmaachen. Do hat hie sech awer net kooperativ gewisen a war ausgescheet.

Wéi d'NASA am Abrëll 1962 eng zweet Astronautegrupp rekrutéiert hat, gouf de Conrad vum Alan Shepard dozou iwwerriet, sech ze mellen. Déi Kéier gouf de Conrad als ee vun den néng neien Astronauten zeréckbehalen, an de 17. September 1962 dem Publikum vun der NASA virgestallt. No der Grondausbildung huet de Conrad als Spezialgebitt de Cockpitlayout an d'Systemintegratioun fir d'Gemini-Raumschëff iwwerholl.

Gemini 5 an 8[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Februar 1965 gouf de Conrad als Pilot fir d'Missioun Gemini 5 nominéiert. Zesumme mat sengem Kommandant Gordon Cooper sollt hien e Laangzäitfluch maachen an den Dauerrekord nees an d'USA huelen. Dëse Fluch war den éischte fir deen d'NASA en offiziellen Embleme autoriséiert hat.

De Start vu Gemini 5 war den 21. August 1965, an d'Landung no knapps aacht Deeg, den 29. August. Dëse Laangzäitrekord gouf schonn am Dezember 1965 vun der Crew vu Gemini 7 op knapps 14 Deeg verbessert.

Kuerz no der Landung, den 20. September 1965 gouf de Conrad als Ersatzkommandant vun der Missioun Gemini 8 nominéiert, bei där fir d'éischt eng Kopplung am Weltraum gemaach sollt ginn. De Fluch war am Mäerz 1966, ouni datt den Asaz vum Conrad gebraucht gouf.

Gemini 11[änneren | Quelltext änneren]

Zwéin Deeg no der Landung vu Gemini 8, den 19. Mäerz 1966, gouf de Conrad als Kommandant vum Fluch Gemini 11 nominéiert. Säi Pilot gouf de Richard Gordon. Bei de kuerze Flich géint Enn vum Gemini-Programm stounge Rendez-vousen, Kopplung an Weltraumausstig op der Lëscht vun de Missiounspläng.

De Start vu Gemini 11 war den 18. September 1966. De Conrad an de Gordon hu sech wärend der éischter Äerdëmkreesung un eng virdru gestart Agena-Stuf ugekoppelt an hu sech vun hir op d'Rekordhéicht vun 1374 km brénge gelooss. Virdrun hat de Gordon nach en Ausstig vun 33 Minutte gemaach.

Apollo D an Apollo 9[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ofschloss vun der Gemini 11-Missioun gouf de Conrad direkt an den Apollo-Projet versat. Hie war nieft dem Grissom, dem McDivitt, dem Schirra, dem Borman an dem Stafford ee vun de sechs Astronauten, déi als Kommandant vun den éischten Apollo-Missiounen nominéiert goufen. De Conrad war vun Dezember 1966 als Ersatzkommandant fir d'Missioun E virgesinn, déi d'Apollo-Moundfär an enger héijer Äerdëmlafbunn teste sollt. No der Katastroph vun Apollo 1 am Januar 1967 goufen all Pläng op Äis geluecht.

Am November 1967 gouf en neie Plang publizéiert Hei gouf de Conrad als Ersatzkommandant vum zweete bemannten Apollo-Fluch, der Missioun D (geplangt als Apollo 8) virgesinn. D'Membere vu senger Crew waren de Richard Gordon, mat deem hie schonn zesummen an der Gemini 11 geflu war, an den Alan Bean, fir deen hie sech perséinlech agesat hat. No der deemools normaler Reegel, datt eng Ersatzmannschaft dräi Flich duerno d'Haaptcrew soll sinn, hat de Conrad domat gutt Chancen, Kommandant vun der Missioun G (geplangt als Apollo 11) ze ginn, bei där déi éischt bemannt Moundlandung gemaach sollt ginn. De Conrad war also um beschte Wee, den éischte Mënsch um Äerdmound ze ginn.

Duerch Ëmplange vun der NASA am Summer 1968 gouf e Moundfluch ouni Landefär tëscht d'Missiounen C an D verréckelt. Duerch dëse Fluch Apollo 8 gouf den Test vun der Moundfär an der Äerdëmlafbunn mat Apollo 9 ewechgeholl. De Fluch war am Mäerz 1969, de Conrad koum net zum Asaz a war Capsule Communicator bei där Missioun.

Apollo 12[änneren | Quelltext änneren]

De Logo vun Apollo 12
Charles Conrad beim Surveyor 3

Wéi erwaart goufen de Conrad, de Gordon an de Bean am Abrëll 1969 als Ekipp vun Apollo 12 nominéiert. Nodeem mat Apollo 10 d'Generalprouf an der Moundëmlafbunn a mat Apollo 11 déi éischt bemannt Moundlandung gegléckt war, sollte mat där Missioun eng prezis Landung a méi wëssenschaftlech Experimenter gemaach ginn. De Start vun Apollo 12 war de 14. November 1969. Wärend dem Start haten zwéi Blëtzer an d'Saturn-Rakéit geschloen, wouduerch verschidde Systemer ausgefall waren. Et war zwar kee Schued entstanen.

Den 19. November sinn de Conrad an de Bean mat der Moundfär Intrepid am Ozean vun de Stierm gelant. Wéi de Conrad d'Mounduewerfläch betratt huet, huet hie sech gefreet:

"Whoopee! Man, that may have been a small one for Neil, but that's a long one for me." Iwwersetzung: "Hoppla! Mann, dat war vläicht fir den Neil e klengen, awer e grousse Schrëtt fir mech."

Domat hat hien op de Saz vum Neil Armstrong ugespillt: "It's one small step for man..." a seng eege kleng Kierpergréisst un. Wéi de Conrad spéider veroden hat, hat et sech ëm eng Wett mat der italieenescher Journalistin Oriana Fallaci gehandelt, déi iwwerzeegt war, datt d'NASA den Astronaute géif virschreiwen, wat si ze soen hätten. De Conrad hat 500 Dollar dogéint gehalen, datt hie soe kéint, wat hie wielt.

De Conrad an de Bean haten um Mound den éischten Experimentalpak ALSEP opgestallt, deen och nach no der Heemrees wëssenschaftlech Daten op d'Äerd soll funken. No enger Roupaus vun 12 Stonnen an der Moundfär hate sech déi zwéin Astronauten op de Wee bei d'Moundsond Surveyor 3 gemaach, vun där si nëmmen 160 Meter ewech gelant waren. Si hunn dunn e puer Deeler ofmontéiert, fir s'op der Äerd ënnersichen ze loossen. No 31 Stonnen um Mound si si nees bei d'Mammeschëff geflunn a sinn zesumme mam Gordon de 24. November nees op der Äerd gelant.

Skylab[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ofschloss vun der Missioun Apollo 12 huet de Conrad un der éischter amerikanescher Raumstatioun Skylab geschafft. Den 19. Januar 1972 gouf hie vun der NASA als Kommandant vun der éischter vun dräi Ekippe bekannt ginn.

Beim Start vum 14. Mee 1973 gouf de Skylab awer staark beschiedegt, soudatt net kloer war, op déi geplangt Missioun vu véier Wochen Dauer kéint realiséiert ginn. De geplangte Start vun der Mannschaft gouf op de 25. Mee verréckelt. Zesumme mam Pilot Paul Weitz an dem Wëssenschaftsastronaut Joseph Kerwin ass de Conrad am Apollo-Raumschëff bei d'Raumstatioun geflunn, fir de Schued z'inspizéieren. E Solarzellerotor hat sech verklemmt, deen anere war beim Start ganz ewechgerass ginn.

Mat engem riskante Manöver hunn de Conrad, de Weitz an de Kerwin versicht, de verklemmte Solarzellendréier aus der oppener Apollo-Luk vun Hand fräizekréien, mä dat ass net gaangen. D'Astronauten hunn d'Raumstatioun awer nach a Betrib geholl. De 7. Juni hunn de Conrad an de Kerwin nach eng Kéier mat Erfolleg probéiert, fir den Träger lass ze kréien. Doduerch konnt de Skylab du laangfristeg gebraucht ginn.

No der Landung, den 22. Juni 1973 huet de Conrad (wéi virdrun den Jim Lovell an den John Young) d'Rekordmaark vu véier Raumflich erreecht. Ausserdeem hat hien elo mat 49 Deeg de Rekord fir de längsten Openthalt am All an zesumme mam Weitz an dem Kerwin mat 28 Deeg de längste Raumfluch.

Op säi Skylab-Fluch war de Conrad besonnesch houfreg. Et war net zulescht dem Asaz vun den dräi Astronauten zu verdanken, datt déi éischt amerikanesch Raumstatioun a Betrib konnt geholl ginn an déi dräi geplangt Missiounen all a voller Längt duerchgefouert goufen.

No der NASA[änneren | Quelltext änneren]

Scho wärend senger Zäit bei der NASA, tëscht dem Moundfluch an der Virbereedung op de Skylab, huet de Conrad als Beroder fir d'Firma Butler Aviation geschafft.

Am Dezember 1973 hat de Conrad seng Beschäftegung bei der Marinn a bei der NASA opginn. Hien huet du bei der Firma American Television and Communications Corporation (ATC) zu Denver geschafft a war do fir de Betrib an den Ausbau vun Kabeltelevisiounsnetzer verantwortlech. Parallel dozou huet hien och d'Firma Martin Marietta Corporation bei der Konzeptioun vum geplangte Weltraumteleskop LST (Large Space Telescope) beroden.

Den 1. Mäerz 1976 huet de Conrad bei McDonnell Douglas zu Saint Louis gewiesselt, wou hien am Marketingberäich war. Am Joer 1990 huet hien nees gewiesselt, déi Kéier an de Raumfaartberäich vun der McDonnell Douglas Space Company. Do huet hien un der Entwécklung vun engem eestufege Raumtransporter (SSTO, single stage to orbit) an um Prototyp Delta Clipper geschafft.

Den 31. Mäerz 1996 huet hie sech a Kalifornien zeréckgezunn an hat sech ëm seng eege Firma Universal Space Lines gekëmmmert, déi hien e Joer virdru gegrënnt hat. Säin Zil war et, Raumflich fir Privatpersoune gënschteg ze maachen.

Doud[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Juli 1999 hat de Conrad en Ausfluch mat sengem Motor gemaach. Bei engem Accident war hie méi uerg blessàiert ginn, wéi ufanks geduecht a fënnef Stonne méi spéit war hie mat bannenzege Bluddunge gestuerwen. Hie gouf mat militäreschen Éieren um Nationalkierfecht Arlington bäigesat.

Diverses[änneren | Quelltext änneren]

Rekordflich[änneren | Quelltext änneren]

Den 30. August 1984 hat de Conrad zwéi Weltrekorder am Steigfluch fir Helikopter an der Gewiichtsklass vu 500 bis 1000 kg opgestallt. Mat engem MDD-Hughes 530 F hat hien d'Héicht vun 3000 m an 3:15 Minutten a 6000 m a 6:34 Minutten erreecht.

E weidere Rekord war de Conrad an der Klass vun de Fliger tëscht 6000 an 9000 kg Startgewiicht geflunn. Zesumme mam Mark Calkins, dem Paul Thayer an dem Daniel Miller war hie vum 12. bis de 14. Februar 1996 mat engem Learjet ronn ëm d'Welt geflunn an hat dobäi eng Duerchschnëttsvitesse vu 752 km/h erreecht.

Sportween an Autorennen[änneren | Quelltext änneren]

De Conrad war en Amateur vu séieren Autoen a war och selwer Autocoursse gefuer. E wichtege Bäitrag fir d'Sécherheet hat hien an der Mëtt vun den 1960er Jore geleescht, wéi hien de Rennfuerer Bill Simpson op dat feierfest Material Nomex higewisen hat, dat vun der Firma DuPont aus Aramidfasern hiergestallt gouf. De Simpson hat dorophin Feierschutzkleedung produzéiert, déi vun 1967 un, vu bal alle Pilote beim Indianapolis 500 gedroe goufen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Liefzäiten[änneren | Quelltext änneren]

De Pete Conrad krut vill Auszeechnungen, dorënner

Posthum[änneren | Quelltext änneren]

Am Johnson Space Center zu Houston huet d'NASA fir jiddwer verstuerwenen Astronaut e Bam geplanzt, déi fir Chrëschtdag mat Phare beliicht ginn. Dem Pete Conrad säi Bamm, gëtt am Géigesaz zu den aneren net mat wäissem Liicht, mä a rout beliicht, fir de faarwege Charakter vum Conrad z'ënnersträichen.

En Zitat vum Conrad: "When you can't be good, be colorful." – Iwwersat: "Wanns de net gutt kanns sinn, da sief faarweg."

D'Stëftung X-Prize Foundation spendéiert zanter 2007 all Joer e Präis mat der Bezeechnung Pete Conrad Spirit of Innovation Award. Domat gi Studentegruppen ausgezeechent, déi innovativ Iddie fir d'Raumfaartindustrie hunn.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

De Conrad war am Juni 1953 bestuet ginn an hat mat senger Fra véier Jongen. No 1988 huet hie sech scheede gelooss an huet sech eng zweet Kéier bestuet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nancy Conrad, Howard Klausner: Rocketman: Astronaut Pete Conrad's Incredible Ride to the Moon and Beyond. New American Library, New York 2005, ISBN 0451215095

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Conrad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]