Karl Theodor André

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Charles-Théodore André)
Karl Theodor André
Pseudonym Sempronius
Gebuer 1. Juli 1822
Ruet op der Our
Gestuerwen 18. Oktober 1883
Ruet op der Our
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Deputéierten, Affekot, Dichter, Gewerkschaftler

De Karl Theodor André, och Charles-Théodore André genannt, gebuer den 1. Juli 1822[1] zu Ruet op der Our a Preisen, gestuerwen den 18. Oktober 1883 och do, war e Politiker, Jurist a Schrëftsteller[2]. Hien hat ufanks déi preisesch Nationalitéit, huet awer méi spéit déi lëtzebuergesch ugeholl[3].

No der Primärschoul zu Ruet op der Our, huet hie säi Secondaire am Gymnasium (aktuelle Friedrich-Wilhelm-Gymnasium) zu Tréier an déi dräi lescht Joer am Athenäum (1838-1841)[4] gemaach[5]. Vun 1841 bis 1845 huet hien Droit op den Universitéite vu München a Paräis[6] studéiert.

Hie war vun 1848 bis 1854 Deputéierte vum Kanton Réimech a vun 1860 bis 1875 vum Kanton Lëtzebuerg. Hie war net Member vun der Constituante vun 1848[7] an och net vun der Frankfurter Nationalversammlung, wéi een dat dacks liest[8].

An dem Dicks sengem Vulleparlament am Gréngewald (1848) gëtt den André, deen e Schnauz hat, als Schnauzvull a roude Republikaner verspott[9]. De Victor Hugo huet de 14. August 1871 beim Karl Theodor André a sengem Brudder Philipp André (1817-1892) zu Ruet ze Nuecht giess; de 25. August 1871 huet den Hugo déi zwéi Bridder op Veianen agelueden[10].

Vun dem Karl Theodor André gëtt dacks behaapt, hien hätt den 28. Abrëll 1848 an enger Chamberssëtzung zu Ettelbréck matzen an enger Ried vu Franséisch op Lëtzebuergesch gewiesselt an domat laang virum C.M. Spoo an der Chamber Lëtzebuergesch geschwat. Dat war awer net hien, mä säi Cousin, de Charles Mathias André.

De K.T. André huet och probéiert sech als Dichter ervirzedoen. Seng literaresch Wierker huet hien ënner dem Pseudonym Sempronius erausginn[11].

Vun 1940 bis 1944 war an der Stad um Lampertsbierg d'Avenue Victor-Hugo no him ëmgenannt ginn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Gedichte / von Sempronius. Berlin, in Commission der Hasselbergschen Verlags-Handlung, [1859], 84 S.
  • Nena Sahib: eine indische Geschichte und vermischte Poesieen / von Sempronius. Berlin, Hasselberg, [1860], 91 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • G. Fittbogen: Zur Biographie von Karl Theodor André. In: Jonghémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum. Luxemburg. Jg. 11 (1936), H. 1, S. 12-14. [1]
  • G. Fittbogen: Karl Theodor André als Dichter. In: Jonghémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum. Luxemburg. Jg. 10 (1936), H. 5, S. 151-154. [2]
  • G. Fittbogen: Der luxemburgische Dichter und Politiker Karl Théodor André (1822-1883). In: Jong-Hémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum. Luxemburg. Jg.12(1938), H. 7/8, S. 258-264 [3]; Jg. 13 (1939), H. 1/2, S. 7-15 [4]; Jg. 13 (1939), H. 3/4, S. 66-71 [5].
  • J. Milmeister: Le vrai Charles-Théodore André. In: Hémecht, 20 (1968), H. 4, S. 511-520.
  • J. Milmeister: Der luxemburgische Dichter Sempronius. In: Revue, Jg. 25 (1969), Nr. 12, S. 32-35.
  • J. Milmeister: Wer zählt die Andrés, nennt die Namen? In: Lëtzebuerger Almanach 1987, Luxemburg 1986: 337-343.
  • E. Kayser: Charles Théodore André. 1822-1883. In: L'Athénée et ses grands anciens. 1815-1893, Vol. II, Luxembourg 2003, S. 279-280.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Milmeister 1969, S. 34; K. Handfest: Wilhelm Leibfried. Der Marx-Freund aus Luxemburg. COOPE, Luxemburg 1984, S. 59. An der Literatur fënnt een och den 29. Juni 1829 (Fittbogen 1938, S. 259; Milmeister 1968, S. 512; Kayser 2003, S. 279, etc.); deen Datum ass falsch.
  2. G. Goetzinger & C.D. Conter: Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature, Mersch 2007, S. 25-26.
  3. Ed Kayser: Charles Théodore André. 1822-1883. In: L'Athénée et ses grands anciens. 1815-1893, Vol. II, Éditions Saint-Paul, 2003, S. 279.
  4. Fittbogen 1938, S. 260.
  5. Laut dem Luxemburger Autorenlexikon (G. Goetzinger & C.D. Conter) wier den André, ier en op Tréier goung, am "Progymnasium" (deen et deemools nach net ënner deem Numm gouf) zu Iechternach gewiescht; déi aner Quelle ginn Iechternach net un.
  6. Fittbogen 1936, S. 12.
  7. Säi Koseng Charles Mathias André war do Member
  8. z. B. beim Evy Friedrich: Kalennerblieder. Bd. 3. J.P. Krippler, Lëtzebuerg 1981, S. 192.
  9. P. Grégoire: Luxemburgs Kulturentfaltung im neunzehnten Jahrhundert. Eine kritische Darstellung des literarischen, künstlerischen und wissenschaftlichen Lebens. Luxemburg 1981, S. 345ff.; kuckt och: E. Friedrich: Kalennerblieder. Bd. 2. Lëtzebuerg 1980, S. 327.
  10. J. Milmeister: Von Bruder Hermann bis René Engelmann. 700 Jahre Viandener Literaturgeschichte. In: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 17(2) 1996, S. 152-155 (Sempronius. Karl Theodor André).
  11. G. Goetzinger & C.D. Conter: Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 2007, S.25-26.