Charles Bernhoeft

Vu Wikipedia
Charles Bernhoeft
Gebuer 22. Juli 1859
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. Februar 1933
Beggen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf
Bernhoeft's Blitzlichtapparat Sanssouci.
Signatur op engem Passe-partout.
D'Prinzessinne Sophie an Elisabeth vu Lëtzebuerg (ëm 1910).
Éischt Säit vum Album vun 1891: Le grand-duché de Luxembourg.
Le Luxembourg pittoresque, 1893.

De Charles (Carl Michael) Bernhoeft, gebuer den 22. Juli 1859 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 7. Februar 1933 zu Beggen war e lëtzebuergesche Fotograf. Als Photographe de la Cour war hien zu senger Zäit ee vun deene gefroteste Portraitisten zu Lëtzebuerg.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp, de Carl Johann Adolph Bernhoeft, Ënneroffizéier an der preisescher Garnisoun vun der deemoleger "Bundesfestung Luxemburg", war bestuet mat der Marguerite Specht, Duechter vun engem Händler aus dem Stadgronn. De Charles, eenzege Jong, hat nach sechs Sëschteren.

Den 18. Februar 1889 huet e sech mat der Marie-Louise Bernardy bestuet. D'Koppel hat zwéi Jongen, de Charles-Marcel gouf Dokter, an de Charles-Paul huet fir Ingenieur studéiert.

De Fotograf an Editeur[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Bernhoeft huet eng Léier an der Lithographie an an der Fotografie gemaach an ass sou direkt an de Beruff erakomm, net wéi seng meescht Zäitgenossen, déi dëse Wee iwwer d'Konschtmolerei fonnt hunn.

Nieft Portraiten huet hien och Landschaftsopname gemaach, wouvun der en ettlech op Postkaarten an an Albume kommerzialiséiert goufen. E weidere "Créneau" waren Opdraagsaarbechte fir Entreprisen, z. B. fir de Schampesfabrikant d'Etablissements Eugène Mercier & Cie oder fir d'Granitscarrièrë vun Écaussinnes, an der Provënz Hainaut.

De Charles Bernhoeft huet och, 1895, zesumme mam Jean-Nicolas Moes, déi éischt Lëtzebuerger illustréiert Wochenzeitung erausginn, Das Luxemburger Land in Wort und Bild. Déi Revue ass awer no 9 Méint nees agestallt ginn.

Säin éischten Atelier hat deen dunn nëmmen nonzéngjärege Charles Bernhoeft schonn 1878 an der deemoleger Rue du Génie, haut Montereysavenue, vis-à-vis vun der Stater Post, opgemaach. Wéi dunn d'Affäre gutt gelaf sinn, hien hat mat Zäite bis zu 25 Leit fir sech schaffen, huet hie sech ëm d'Joerhonnertwenn a sengem neie Geschäftshaus um Eck Boulevard Royal - Groussgaass etabléiert. Dëst Gebai, deemools "De Bernhoeft" genannt, gouf an den 1970er Joren ofgerappt, fir engem Büro- a Geschäftshaus vun der Luxembourgeoise Plaz ze maachen. 2015 war et dann och schonn eriwwer mat deem Gebai dat dem Projet Royal-Hamilius huet misse wäichen.

Den Erfinder[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet och en Apparat erfonnt, deen en ënner dem Numm Bernhoeft's Blitzlichtapparat Sanssouci patentéiere gelooss huet, fir mat enger indirekter Beliichtung bannenan Opname mat engem Magnesiumsblëtz ze maachen, woubäi den Damp duerch eng Zort Hott no uewen evakuéiert gouf. En ettlech Fotografen an Europa haten him dësen Apparat, dee Präisser op Weltaustellunge krut, ofkaaft.

1910 huet de Charles Bernhoeft sech aus dem Geschäftsliewen zeréckgezunn a säi Gebai un d'Versécherungsgesellschaft La Luxembourgeoise verkaaft.

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Auswiel vun Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Foto vum Bau vun der Neier Bréck, 1. September 1901.
  • Luxembourg et ses environs (1887)
  • Le Grand-Duché de Luxembourg (1889-91). Librairie de la Cour Victor Bück. D'Fotoen doraus
  • Album von Trier. Ansichten der Stadt und ihrer nächsten Umgebung (ëm 1890)
  • Strassburg, Metz und die Vogesen (1891 an 1894)
  • Le Luxembourg pittoresque (1893) - D'Fotoen doraus
  • Exposition universelle d'Anvers 1894 (1894)
  • Cöln und der Rhein (1895-96)
  • Bilder aus der Pfalz (1895)
  • Nederland in Beeld (1895-99)
  • Eifel-Album (1896)
  • Carrières de Petit Granit de M.M. J. Velge et J. Cornet à Écaussinnes (1896)
  • Établissements Eugène Mercier & Cie. (ëm 1900)
  • Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-Aktiengesellschaft, Abtheilung Differdingen (1903-1904)
  • Grand Pont Adolphe à Luxembourg (1904) - D'Fotoen doraus

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Bernhoeft – Biller, Videoen oder Audiodateien